„Der grosse Euro-Schwindel“ – en interessanten Reportage vum WDR

Déi däitsch Televisiounschaîne WDR huet de 5. November 2012 en héig interessant Reportage iwwer d’Genes vum Euro gewisen. Den Titel „Der grosse Euro-Schwindel – wenn jeder jeden täuscht“ seet däitlech ëm wat et get.

Wéi d’ADR et och ëmmer nes kritiséiert huet, wor den Euro vun Ufank un e virun allem politesche Projet. Eng Währungsunioun muss awer virun allem eng economesch a finanztechnesch Zouverlässegket an Dauerhaftegket garantéieren. All déi Kompromësser an all dat Gefuddels wat an der Geschicht vum Euro vun denen zoustännegen Politiker ze verantworten ass, muss haut vun eis all bezuelt ginn.

Och eise Premier, den Här Juncker, huet seng Verantwortung an där Entwécklung. Et ass schwéier ze erdroen, dat ausgerechent den lëtzebuerger Politiker den sou vill dramatesch national an europäesch Fehldecisiounen mat ze veräntwerten huet, als a Finanzfroen besonnesch kompetent gëllt. Zu denen Fehldecisiounen gehéiert besonnesch och d’Opweechung vun de Maastrichter Stabilitéitscritèren.

Ausgerechent den Här Juncker, den seit Joeren een Budgetsdefizit nom aneren zu Lëtzebuerg ze veräntwerten huet,  seet an dësem Reportage (géint de Schluss) hien bräicht keen Vertrag (gemengt ass de Fiskalpakt) fir ze wëssen dat een net méi Suen därf ausginn wéi een der huet. Ech halen sou eng Ausso vun eisem Defizitpremier fir zynesch, jiddefalls fir absolut net compatibel mat där verantwortungsloser Verschwendungspolitik déi hien eisem Land opzwéngt.  D’Wouerecht ass: Joer fir Joer klammen eis budgetär Dépensen méi séier wéi d’Recetten. Joer fir Joer mecht Lëtzebuerg Defiziter vun iwwer enger Milliard Euro. D’Euro- an d’Finanzpolitik vun der CSV musse mir enges Daags alleguer deier bezuelen.

Hei ass de Reportage:

http://www.ardmediathek.de/wdr-fernsehen/die-story/der-grosse-euro-schwindel-wenn-jeder-jeden-taeuscht?documentId=12356928

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert