Gladio a Stay behind (1)

An der Suite vun dem Bäitrag „Et wor ner keen…mee wor et de Stay behind?“, wëll ech hei op en interessanten  Reportage vun der BBC iwwer de Gladio opmierksam maachen. En ass 2 Stonnen a 25 Minutte laang an fir all déi, déi net all ze vill Zäit hunn, sief gesot, dat an der Minutt 37 – 38 kuerz iwwer de Lëtzebuerger Stay behind geschwat gëtt. Do set ën Här Mark Wyatt, e fréieren CIA Mataarbechter, dat d’Hollänner, d’Belsch an d’Lëtzebuerger ganz viirsiichteg mam Stay behind waren an extrem staark op säi geheime Charakter opgepasst hätten.

Interessant sinn awer virun allem – staark zësummegefaast – besonnesch dëss Aspekter aus dem Film:

– ët muss e kloren Ennerscheed gemaach ginn tëschent dem Stay behind an dem Gladio. Eng Vermëschung ass nëmme ganz begrenzt zoulässeg. De Gladio wär zwar  „a network of Stay behind structures“ (also net onbedéngt vun allen SB) awer  den Réseau war „involved in internal subversion“.  Am Film explizit genannt goufen Griichenland, Tiirkei, Dänemark, Norwegen, Holland a Spuenien.

– Zu dem Zweck wären „the extreme rights“ respektiv „right wing groups“ benotzt ginn. Sou eng Strukturen oder Grupppen gouf et menges Wëssens zu Lëtzebuerg net. De Film weist awer och op d’P2 Loge an méi allgemeng op eng ënnerstëtzend Roll vun de Freimaurer am Réseau SB hin.

– D’Amerikaner konnten SB Gruppen a verschiddenen Länner och op eege Fauscht opstellen, do wou déi lokal Regierungen net matgeschafft hätten. Dat wor awer zu Lëtzebuerg net de Fall.

– Déi Attentater an Italien goufen an engem ganz spezifeschen Kontext gemaach: eng staark lokal kommunistesch Partei, aktiv neo-faschistesch Bewegungen, Iddien iwwer eng eventuell  Bedeelegung vun de Kommunisten un enger Regirung….. An dem Kontext sollt e Klima geschaaf ginn, an dem d’Leit relativ liicht bereet wären Fräihet géint Sëcherhet ze tauschen. Déi Situatioun ass absolut net mat där zu Lëtzebuerg vergläichbar, wou d’Leit sech an hirer grousser Majoritéit mat hirem Staatswiesen identifizéiert hunn. Bei eis am Land wor ausserdem dat elektoral Gewiicht vun de Kommunisten am Vergläich mat Italien oder Frankräich kleng.

– Déi Attentater an denen de Gladio an Italien soll bedeelegt gewiecht sinn oder reëll bedeelegt war, sollten der politescher Lénker zougeschriwwe ginn. Zu Lëtzebuerg gouf et näicht Vergläichbares. Hei gouf et just e puer Erpresserbréiwer „sans but lucratif“,  well Suën si keng gefloss.

– Zu Lëtzebuerg gouf zwar och – wéi am Ausland – en Attentat (an nach e schwaacht…) géint eng Zeitung gemaach, awer keen eent géint e Politiker. Et ass och nie zu iergend engem massiven Ugrëff géint Mënscheliewen komm, wéi zum Beispill an Italien oder an der Belsch.

– am meeschten interesséiert huet mech dee Passsge aus dem Film (ëm 1:50) wou et em rietsgeriichten Jugendlageren mat para-militäreschen Exercicen an de belschen Ardennen geet. Net oninteressant woren och déi Passagen ëm e gewëssen „Latinus“ an der Belsch den sou e Genre vun eegestännegem Privat – Stay behind schéngt bedriwwen ze hunn.

Iwwregens ass hei nach e Saz aus dem Buch „Et war net keen“ (S. 101): „Genauestens unter die Lupe nehmen die Ermittler aber auch eine Clique junger Männer, die in den Wäldern in der Umgebung der Hauptstadt Krieg spielt -eine Wehrsportgruppe.“ Hat déi Lupp genuch vergréissert?

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert