„Donkelzifferen“ a Gelitts

An der EU  koum viru kuerzem eng Etüd iwwer d’Zuel vun den Affer vu Mënschenhandel raus.

Déi éisterräichesch Press schwätzt vun iwwer 9.ooo am Joer, an vun eppes iwwer 23.000 an denen dräi Joer vun 2008 bis 2010.

http://diepresse.com/home/panorama/welt/1388727/Immer-mehr-Opfer-von-Menschenhandel-in-der-EU?from=suche.intern.portal

Dat sinn der vill, iwwer 23.000 ze vill, awer bei enger Gesamtpopulatioun vun iwwer 500 Milliounen Leit an der EU net genuch fir den traditionnellen feministeschen Ligenapparat ze alimentéieren. Dozou ginn dann „Schätzungen“ vun „Donkelzifferen“ erfonnt, déi op näicht berouen, an par définition net iwwerpréifbar sinn, sou donkel sinn se. Si sinn einfach nëmme fräi erfonnt.

Den Editorial vum  „Journal“ huet de 26. Abrël schonn vun 880.ooo Leit geschwat. Ech zitéieren:

2. Abschnitt vun Artikel: „Allerdings wird die Dunkelziffer der in der EU versklavten Menschen auf 880.000 geschätzt.“

Am 5. Abschnitt vum selwechten Artikel ass aus där geschätzter Donkelziffer schonn eng Tatsaach ginn:

Die Tatsache, dass 880.000 Menschen in der EU solche und ähnliche Schicksale erleben…“

All Wett, d’nächst Woch läit déi däischter Donkelziffer bei op d’mannst 2 Milliounen!

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Grondsätzleches, Lëtzebuerg veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert