Eisléck 83 a Special Forces

Fir déi, déi sech fir déi einfach Wouerecht iwwer d’Arméi interesséieren an net denen topechsten Theorien nolafen: och den Exercice Eisléck ’83 ass zësummen mat eisen amerikaneschen Frënn vun de Special Forces organiséiert ginn. Deemools wor ech och schonn mat dobäi, grad dat ech zréck vun der Militärakademie wor. Dono sinn ech awer fir e Joer a Frankräich gaangen an hunn den Eisléck 84 verpasst. Am Dezember 1985 wor ech och nach  mat aneren Lëtzebuerger Offizéier, Enneroffizéier an Zaldoten beim 10th Special Forces Group zu Bad Tölz fir un enger Wanterausbildung (Winter warfare course) deelzehuelen.

Ech sinn an der Tëschenzäit gewuer ginn, dat e puer Kolleegen Offizéier, denen hir Nimm déi lescht Woch an der Press genannt goufen,   nach als Zeien am Bommmeleeër-Prozess geruff sinn. Dat freet mech aus déifstem Härz, well dat dozou bäidreet kloer ze maachen dat – an dat ass meng déifsten Iwwerzeegung – weder d’Arméi nach de Lëtzebuerger Stay behind – ëppes mat der Affär Bommeleeër ze dinn hunn.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert