déi Lénk an hir Geheimresolutiounen

Wéi aner Leit mol heiansdo en Horrorfilm kucken sou beschäftegen ech mech mat denen Lénken.  Fir mech mol nes sou richteg kënnen ze grujelen, hat ech gehofft ech geng op der Spaweckssäit vun denen Lénken endlech déi zwou Resolutiounen vun hirem Kongress vum 21. Abrëll fannen. Leider hunn ech awer bis elo domat keen Erfolleg gehat. Vläicht ginn déi Resolutiounen  nach vun der kommunistescher International iwwerpréift (dat Wuert „ofgeseent“ wëll ech an dësem Emfeld aus reliéiser Pietéit net gebrauchen), vläicht ginn se nach e puer mol ëmgeschriwwen, well hir Memberen sech lo wuel kaum nach un dat erënneren wat hinnen um Kongress virgeluegt gouf… wéi och ëmmer, ech waarde gespaant op déi färdeg iwwerschafften Texter. Selbstverständlech hällt „Déi konservativ Säit“ hier Lieser iwwer déi kommunistesch  Gedankewelt um Laafenden.

„Kommunistesch“ an „Lénk“ ass iwwregens absolut dat nämlecht. An enger vun de Rieden um Kongress déi sech besonnesch mat denen internationalen Verwucherungen vun dem Veräin befaast huet,  ass sech ëmmer nes op d’Kommunisten bezu ginn: op déi zypriotesch Kommunisten, op d’PCF an op déi léif Kommunisten ganz allgeméng. (op dësem Blog ass dozou en Artikel „Déi Lénk an hir Frënn“). Am Januar reesen déi Lénk iwwregens ëmmer op Berlin fir dem Rosa Luxemburg an dem Karl Liebknecht ze gedenken. Hätt de Stalin dat nach kënnen erliewen, him wären d’Tréinen komm!

Dat déi Lénk hei am Land net mat de Kommunisten kënnen an net einfach mat hinnen fusionnéieren, wäert réng perséinlech Grënn hunn, ideologesch ass et Speck a Schwéngefleesch an international gesinn gëtt et jo déi allerschéinsten Harmonie tëschent hinnen.  Wat déi Lénk dann och vun der Demokratie an vun der Biergerbedeelegung wierklech halen, dat hunn si nes viru kuerzem am Stater Gemengerot gewisen, wou si géint den ADR-Viirschlag fir en Tram-Referendum  gestëmmt hunn. Et ass eben wéi fréier: déi Lénk brauchen d’Vollék fir näicht ze froen. Endlech mol eng Partei mat Traditioun! An schéin Maueren kënnen si bestëmmt och bauen.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu déi Lénk an hir Geheimresolutiounen

  1. David Wagner sagt:

    Salut Fern,
    Et freet mech datt’s Du Dech esou intensiv mat eis beschäftegs. Géif sech d’Press genausou minutiös fir eis Texter intresséieren…
    Mee bon, ech hun heiansdo den Androck datt’s Du dee bass deen der Mauer am meeschten notrauers.
    Dovunner ofgesin: et stemmt datt eis Resolutioun nach net online as. Daat huet ennert anerem domadder ze din, datt nach länger Amendementer net konnten um Kongress tranchéiert gin. De Kongress huet décidéiert (daat war alles öffentlech, mee leider souz kee Journalist méi do) des länger Amendementer der nei gewieltener Nationaler Koordinatioun unzevertrauen. D’Setzung fennt muer statt. Dann wäert den Text definitiv öffentlech sin.
    Du kanns däi Kapp also a Rouh léen. Weeder Moskau, nach Peking oder Pjöngjang hun fir Fangeren am Spill. Just eis intern Organisatioun déi manchmol e bessen chaotesch ass, well Memberen a läschter Minutt nach Saachen emännere wellen a wou mer denken datt een wichteg Diskussiounen net innerhalb vun 5 Minutten tranchéiere kann. Demokratie eben… Wiere mer eng totalitär Partei, wier alles vill méi schnell online an alles géif schnurstraks laafen. Wéi um Bierg. Mee mir bedreiwen ebe keen „Kasäerekommunismus“. Fräiheet a Sozialismus – dofir sti mir. An daat as gudd esou.
    Mat revolutionären Gréiss.
    David Wagner.

    PS: Ech géif Dir awer wierklech eng Kéier virschloen politesch Nuancen vun der Lénker seriö ze studéieren. Mir zerstreiden eis zenter iwwert engem Jorhonnert iwwert essentiell Punkten an Dir méngt nach emmer et wier alles Speck a Schwéngefleesch… Wier daat nemmen esou einfach!

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert