De Réquisitoire am Dossier Bommeleeër an eis Justiz

De 5. Mee 2013 hat RTL den Réquisitoire vum Dossier Bommeleeër publizéiert.

http://news.rtl.lu/bommeleeer/news/193569.html#

Beim séeieren Duerchbliederen ass mir opgefall, dat an der Foussnout Nr. 263 op der Säit 89 gesot gëtt, dat den Här Jos Steil, den jo anscheinend ëmmer nes zu denen Verdächtegen gezielt gëtt, méintelaang an der Klinik war, besonnesch an där kritescher Zäit am Abrël an am Mee 1985, an an där Zäit zweemol operéiert gouf. Dono huet hien e Mount laang nëmmen nach hallefdeegs geschafft.

Also, déi Uniforméiert sinn jo bekannterweis all där ganz Haarder, mä ech froe mech trotzdem ob ech an där Situatioun mol kuerz bis aus der Klinik rausgaange wär, sou aus Langweil, tëschent zwou Operatiounen, fir mol ë bësschen Bommeleeër ze spillen. Dat ass eppes wat d’Dokteren bestëmmt immens appreciéiert hätten…

Ech hunn och déi Passagen nogelies an denen d’Kolleegen Reuland an Stebens zu Wuert kommen. Eierlech gesot, kommen ech absolut net zu denen selwechten Conclusiounen wéi d’Enquêteuren. Mä do muss jo jiddereen seng Verantwortung huelen… Ech jiddefalls kann nëmme soen, dat ech mech och net un alles erënneren wat ech 1985 gemaach hunn, an ech hunn absolut näicht ze verstoppen. An sou geet et aneren Leit bestëmmt och.

Wat mech awer an där Affär gestéiert huet ass déi Liichtegkeet mat där hei zwee héig motivéiert a respektéiert Offizéier einfach ofgesat goufen. Deemols wor de Justizminister gläichzäiteg Polizeiminister – ëppes wat et an engem Rechtsstaat iwwerhaapt net däerft ginn! Minister wor den Här Luc Frieden, sonner Zweifel ë gescheite Mann mä den awer hei (wéi schonn méi dacks) eng falsch Decisioun geholl huet. Firwat sinn hei d’Carrièren vun zwee – menger Meenung no – absolut éierlechen Leit an héige Staatsbeamten sou liichtfankeg zerbrach ginn?

Opgrond vun engem einfache Bréif vum Procureur, ouni konkret Beweiser, ouni Uklo, ouni Méiglechkeet vun enger Verdeedegung,  hätt ech am Minister sénger  Plaatz mat Sëcherheet déi Decisioun net sou geholl. Ech hätt mech awer gefrot, ob Eenzelner an der Justiz net vläicht och dëss Enquête benotzt hunn, fir hieren eegenen Afloss am Staat an iwwer d‘ Police nach méi ze stäerken? Och dat kann eng ganz grouss Gefor fir de Rechtsstaat sinn.

Ech denken, mir sollten d’Enquêten an d’Poursuiten méi däitlech vunëneen trennen, sou wéi dat och bal iwwerall am Ausland de Fall ass, an iwwer de Wee vun engem eegenen Polizeigesetz déi Kompetenzen vun der Police méi kloer definéieren an stäerken. Hei am Land huet d’Justiz iwwer d’Joeren ëmmer méi Pouvoiren kritt, mee si ass gläichzäiteg den vun denen dräi Pouvoiren den am mannsten enger Kontroll ënnerläit. Fir kloer ze sinn: ech wëll keen politiséierten Conseil supérieur de la Justice oder eng wéi och ëmmer organiséiert  Afrostellung vun der Onofhängegkeet vun der Justiz wéi d’CSV et lo plangt, mee ech wëll eng kloer institutionnell Ofgrenzung vun de Pouvoiren vum Parquet an eng däitlech Trennung vun der Magistrature assise vun der Magistrature debout.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert