Op RTL.lu stoung en Artikel iwwer de Rapatriement vun engem Här aus Marokko den keng Pabeieren hat. Den Här gouf mat engem Privatfliger a säi Land zréck geféiert.
http://news.rtl.lu/news/national/432480.html
Wéi vill aner Leit och stellen ech mir eng Rei vu Froen iwwer déi do Geschicht. Haut stellen ech dowéinst och eng Question parlementaire iwwer déi do Affär.
A mengen An illustréiert déi Episod wéi absurd eis Immigratiounsgesetzer an der Tëschenzäit gi sinn. Dat e Stat wéi Lëtzebuerg sou eng Méi an sou vill Käschten muss op sech huelen, fir engem Här – so mer et roueg – lass ze ginn, den hei näicht verluer huet, ass eng perfekt Illustratioun vun enger falscher Geeschteshaltung.
Joerelaang hunn mir eis Gesetzer opgeweecht, ënner dem Afloss vun denen Lénken, Gréngen a Rouden vun all Zort mat dem Resultat, dat eis Gesellschaft keng rational Approche méi géint iwwer der illegaler Immigratioun huet. Net alles ass e Mënscherecht, net bei allem muss e Stat Jo an Amen soen. Déi Guttmënschementalitéit no där all Immigrant, souguer déi illegal, hei am Land enorm vill Rechter huet muss ophéieren.
Natierlech brauch eis Land Immigranten – awer där déi mir eis raussichen! An kee Mënsch stellt d’Recht op Asyl a Fro. Mee bei all denen negativen Entwécklungen aus denen leschten Joeren an dem massiven Mëssbrauch vum Recht op Asyl mussen endlech Léieren a Konsequenzen gezunn ginn!
Mir brauchen nees vill méi streng Immigratiounsgesetzer!