Bei der Pontifikalmass an der Kathedral an bei der Schlusspressessioun stoungen respektiv goungen d’Autoritéiten vun der CSV nes schéin brav an der Rei. Ech sinn net dohin gaangen, well ech déi Hypokrisie an dat Gelitts net verdroen. Dou stoungen grad déi Politiker fromm Gesiichter ze maachen déi nach viru kuerzem fir d’Liberaliséierung vun der Ofdreiwung gestëmmt hunn (ausser der Madame Frank natierlech) an elo geschwënn fir d’Homosexuellebestietnis stëmmen. An kee Mënsch stellt sech Froen…
An ech erënneren mech och nach un d’Bëschofsweih vum Monseigneur Hollerich. Kaum wor d’Mass fäerdeg, dunn ass hien dem Här Jean-Claude Juncker an d’Aerm geflunn. Déi zwee hunn sech gekësst, a gedréckt, an ëmäerbelt, a geknutscht, an et wor sou schéin, an et huet keen den aneren méi wëlle lass loossen. Alles dat a Präsenz vun de gewielte Vertrieder vum Vollék, och vun anere Parteien. Ein Bild sagt mehr als tausend Worte…. Soll ë Bëschof dann net fir all déi Gleeweg an iwwerhaapt fir all Mënsch do sinn, oder hunn ech mech do geiert ? E bësschen Aequidistanz wär vläicht net schlecht.
D’Realitéit ass ganz einfach déi hei: d’Kierch brauch d’CSV fir hir Finanzéierung well den eenzege « Wäert » den déi lëtzebuergesch kathoulech Kierch nach wierklech interesséiert ass dat gëlle Kallef. An d’CSV brauch d’Kierch wéinst hirer Zeitung an fir kënnen vun dë Stëmmen vun all denen léiwen a gleewegen Mënschen ze abuséieren, déi nach mengen d’CSV geng den « C » an hirem Numm eecht huelen.
Lo ass et jo zoufälleg sou, dat ech vill CSV-Politiker kennen. Eenzelner vun hinnen denken och nach chrëschtlech. Aanerer, an dat sinn der ganz, ganz vill, sinn net nëmmen areliéis, mee souguer oppen anti-kathoulesch. D’Politik vun der CSV ass jo och dofir den beschte Beweis. Just op de Fotoen an der Kathedral, bei der Schlusspressessioun an bei der Mass um Ufank vum parlamentaresche Joer, also do wou Medien sinn an et elektoral kann interessant sinn, do dauchen si op eemol op. Wéi gesot, sou eng Mentalitéit ass näicht fir mech. Léiwer en Dag mat engem éierlechen Atheist zësummen wéi mat engem CSV-Hypokrit.
Emsou méi freet et mech, dat d’CSV-Propagandablad « Luxemburger Wort » a Schwiiregkeeten stëcht. Et deet mir zwar éierlech leed fir all déi vill Mataarbechter déi, iwwregens mat ganz onchrëschtlechen Methoden, entlooss goufen, dorënner e puer éichtklasseg Journalisten. Hinnen all wënschen ech vu ganzem Häerz, dat si geschwënn nes eng nei Aarbechtsplaz fannen. D’Wort – dat ech selwer ofbestallt hunn – ass eben alles mee keng chrëschtlech Zeitung.
Ech liesen am « Land », dat den Här Generalvikar Gillen seet : « Eine Kirche, die stark von einer staatlichen Finanzierung abhängt, wird vorsichtiger in politische Debatten eingreifen als eine Kirche, die aus ihren eigenen Mitteln diese Fragen angehen kann. » Dee Mann wees vu wat e schwätzt ! Dee ganzen Interview drëpst vun där Hypokrisie déi d’Kierch kennzeechent a mat där si d’CSV schount, zum Beispill bei der Ofdreiwung… «Die Abstimmung im Parlament haben wir nicht kommentiert. ». Wéi taktvoll! Haten dann net 25 vun 26 CSV-Deputéierten fir d’Liberaliséierung vun der Ofdreiwung gestëmmt? An dräi vun véier ADR-Deputéierten dogéint? Keen Wonner, dat d’Wort dat léiwer net kommentéiert! Jongen, mol ganz ënner eis, schummt Dir Iech dann net bis an de Buedem ? Kann een vun Iech sech nach an de Spigel kucken ?
An da liesen ech och nach dat hei:
« Am Flaggschiff von Saint-Paul, dem „Luxemburger Wort“, sei es, den politischen Verantwortlichen zu helfen, der Wahrheit in die Augen zu schauen. Erny Gillen forderte mehr meinungsbildenden Journalismus. »
An dat vum CSV-Chef-Propagandist! Ech mengen, dat ech als politesch Verantwortlechen d’Wouerecht ganz kloer gesinn, all Kéiers wann ech d’Wort opschloen an dat « für Wahrheit zu schlecht » muss erdroen. Op Säit 1, CSV am Groussformat, op de Säiten 2 an 3 CSV mat Fändelen, op de Säiten 5 – 28 CSV-Sectiounen, op de Säiten 29- 32 dann Doudesannoncen an ë bësschen Ofwiesselung mat Sudoku an Massen, op de Säiten 33-40 CSV-Sportler, CSV Arbitteren, an soss potentiell CSV-Kandidaten.
Mat sou Leit verléiert d’Kierch all Chance fir och nëmmen e bësschen vun hirer Glaafwierdegkeet zréck ze kréien. Si ass wierklech näicht aanecht méi wéi eng CSV-Parteisectioun.
De Feierkrop hat jo geschriwwen dat d’Wort och nach ganz offiziell an institutionell an de Féierungsgremien vun der CSV vertrueden ass. En Dementi hunn ech nach néierens gesinn… Ma jo dann, hei ass d’Frohe Botschaft fir déi Hären Hollerich a Gillen:
Und wahrlich ich sage Euch: nach den nächsten Wahlen werdet Ihr dreissig Silberlinge erhalten !