De Mann am Laboratoire

An där vill diskutéierter Emissioun « Kloertext » vum 27. Januar 2013 huet den Här Asselborn ënner anerem nes d’Beispill vum « Mann am Laboratoire » beméit, fir sech géint den obligatoresche Charakter vun der Lëtzebuerger Sprooch an der Fonction Publique auszeschwätzen.

Gemengt ass, dat mir jo net genuch lëtzebuergesch Spezialisten fir all Méigleches hei am Land hätten, an dat mir dowéinst och missten Leit am ëffentlechen Déngscht rekrutéieren, déi eis Nationalsprooch net kënnen.

Abee, meng Positioun dozou ass ë kloren an däitleche Nä ! Wen heihinner wëll schaffe kommen, kënnt jo wéinst enger interessanter Aarbecht a gewéinlech och wéinst enger – am Verglach mam Ausland – ganz generéiser Remuneratioun.  A fir sou eng flott a lukrativ Plaz ze kréien, därf een jo sëcher vun engem potentielle Kandidat nach erwaarden dat e kann a wëll ën adäquaten Effort maachen, och a sprooochlecher Hinsicht. Wen dat nët wëll, ass a mengen An virun allem eppes: grenzenlos arrogant!

Ass et dann ëmmer un eis Lëtzebuerger fir eis unzepassen ? Fir mat enger Damm oder engem Här déi sech ze schéin sinn fir eis Sprooch ze léieren, awer ganz gär eng lëtzebuergesch Paye kasséieren,  missen Français oder soss ëppes ze « parléieren » ?  Dat fällt villen Lëtzebuerger guer net sou einfach ! Leider hu mir lo schonn eng Rei vun héige Beamten déi keen oder sou gutt wéi keen Lëtzebuergesch kënnen, dorënner e puer notoresch Kaviarsozialisten. A mengen An ass dat e Skandal !

Firwat passe mir Lëtzebuerger eis hei am Land ëmmer un sou Leit un an halen net op eis Rechter ? Firwat musse mir Lëtzebuerger ëmmer souwuel eis Sproochkenntnisser wéi  eise permanente gudde Wëllen beweisen, béides Saachen déi sou Leit offensichtlech mepriséieren ?

Ech gehéieren zu denen, déi es genuch hunn! Keen aanert Land a keen anert Vollék op der Welt humiliéiert sech permanent selwer sou vill a sou systematesch wéi mir Lëtzebuerger dat maachen. Déi déi lo rëm direkt vun Rassismus a Xenophobie schwätzen, sollen sech mol iwwerleeën, ob net och mir Lëtzebuerger Rechter hunn – zum Beispill e Recht op den onangeschränkten Gebrauch vun der Nationalsprooch am eegene Land! Hu mir dann zum Beispill net e Recht drop fir an alle Verwaltungen – och am Staatslaboratoire – Lëtzebuergesch ze schwätzen?

Ech kennen keen anert Land dat sech selwer sou auto-koloniséiert wéi mir. An all Land mussen d’Leit d’Sprooch vun dem Land léieren a benotzen, just bei eis net. Abee, ech sinn net bereet sou ëppes ze toleréieren – a scho guer net an der Fonction Publique.

Ech denken mir sollten iwwer efficace Mossnamen nodenken for och ze garantéieren dat an de Geschäfter d’Leit op Lëtzebuergesch servéiert ginn. Och am Gesondheetssecteur a bei den Affekoten sinn ech der Meenung dat mir de Regime musse grondleeënd iwwerdenken – och wann dat eng Aennerung vum europäesche Recht heescht. Ech soen dat hei ganz däitlech, dat europäesch Texter déi eis net erlaben Lëtzebuergesch ze verlaangen, keng Gültegkeet méi därfen hunn.  Fir mech ass dat eng vun denen Reformen déi Europa dréngend brauch – eng massiv Réckverlagerung vu Kompetenzen un de Nationalstat, inklusiv alles wat de Gebrauch vun de Sproochen ugeet.

Fir vill Leit sinn dat hei lo vläicht radikal Fuerderungen. Fir mech ass dat do awer näicht aanecht, wéi eng iwwerfälleg Upassung un genee dee Standard den och déi aaner Länner fir sech an Usproch huelen, inklusiv déi Länner wou all déi Leit hirkommen, déi hei kee Lëtzebuergesch wëlle léieren.

 

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik, Sproochen veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu De Mann am Laboratoire

  1. Arthur Feyder sagt:

    De „Mann am Laboratoire“ erënnert mech un de Jerry Lewis als “ Nutty professor“ an un den “ Dr Jeckyll and Mister Hyde“ vum Robert Louis Stevenson. Ech denken beim Här Asselborn sengem Laborantemann och un de „Frankenstein“ vum Mary Shelley. Ech recommandéieren den Adepten vun de Laboratoiren, de Film mam Jerry Lewis ze kucken an d’Bicher vu Stevenson a Shelley ze liesen, alles op English, please. Da mierke se vlaït, wat mat hire Männer an de Laboratoiren lass ass.

    En hunn awer och un dem Max Frisch säi “ Biedermann und die Brandstifter“ geduet, an d’L’ektüre vun dësem Stéck kéint vläit d‘ „Lumièren“ vun eisen iwwwerflächlechen Vordenker „erhellen“. Vlaït.

    Woren d’Lëtzebuerger, déi bei der Volksbefragung vum Gauleiter Simon d’Lëtzebuergescht als hir Mammesprooch ugoufen, nationalistesch Bëllessen oder Patrioten, déi den Nazien de Bass houlen? Anscheinend bornéiert Bëllessen wann ee gesäit an héiert, wéi eis Granden d’Lëtzebuergescht quasi verleegnen.

    Esou Leit musse sech d’Fro stellen, op se iwwerhaapt d’moralesch Qualitéit hunn, un enger Commémoratiounsfeier ze participéieren.

    De Gauleiter sot: „Luxemburger, deine Sprache ist Deutsch“. Geschwënn déclaméieren d’Multi-Kulti Phantasten an aner Mollusken: „Luxo, tu causes français“(Imperativ).

    Mär brauchen an eiser Fonction Publique keng „Rosinenpicker“, déi kasséieren ouni e Wuert lëtzebuergesch ze schwätzen. „Ohne Fleiß keine Preis“.

    D’Lëtzebuerger ginn allgeméng a punkto Sprooch diskriminéiert( fir d’Schöngeister ass dat sécher eng positiv Diskriminatioun), a just den ëffentlëchen Déngscht ass „och“ nach op lëtzebuergesch.

    Amplaz dat a Fro ze stellen sollen déi politesch Responsabel duerfir suergen, datt dat iwwerall esou ass, besonnesch an de Spideeler, de maisons de soins, an de Schoulen, och an der Judikative , datt eis Sprooch erëm eng „voix au chapitre“ kritt.

    Eise Sprachenbabel féiert dozou, datt mer ebeemol eng „sprachlos“ Gesellschaft ginn, well et ginn elo schons enorm Problemer wéinst de ville Leit, déi kee Lëtzebuergesch, keen Däitsch, kee Franséisch, keen oder e miserabelt Englësch asw. schwätzen. Wat bleiwt ass d’Zeechesprooch. Dat, wat ech hei schreiwen kann ech selbstverständlech beweisen.

    D’Lëtzebuergescht muss de sprochlechen „dénominateur commun“ sinn a ginn, all dat anert ass „nutty“, eng geféierlech Chimäre, déi di schons wackleg Cohésioun à la luxembourgeoise enges gudden Dags kapott mecht.

Schreibe einen Kommentar zu Arthur Feyder Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert