Zënter dat ech den Blog hei hunn, ginn ech och mol vun anere Leit ugeschwat déi mech froen, fir iwwer dëst oder dat ze schreiwen. Sou och dëser Deg, wou en Economist mech gebieden huet, dach mol ë Wuert iwwer d’Sproochen an där Campagne 2030.lu ze soen. Ech froen mech souwisou schonn méi laang, wat déi Campagne eigentlech beabsichtegt. Zënter der Publikatioun vun denen extrem tendenziösen Sondagen vun TNS-ILRES iwwer d’Auslännerwahlrecht an den Zougank zur lëtzebuerger Nationalitéit fillen ech mech vun 2030.lu am héchste Mooss manipuléiert.
Ass 2030.lu eng Plattform fir oppen Diskussiounen oder gëtt do net ganz bewosst en Drock opgebaut fir eist Land am exklusiven Interessi vun auslännesche Wirtschaftskreeser ëmzemoduléieren? Wéi e Spill spillt d’Chambre de Commerce well hei am Land ? Wem seng Interessen vertrëtt si eigentlech ?
Ech verstinn d’Roserei vun denen, déi sech opreegen, dat d’Spaweckssäit vun 2030.lu mol fir t’éicht op Franséich opdaucht. Soll de Message sinn, dat am Joer 2030 hei Franséich geschwat gëtt? Et muss een awer zu hirer Verdeedegung soen, dat et och eng lëtzebuergesch Versioun gëtt. Dat mecht nach laang net jiddereen, an den Usaz muss een luewen. D’Reihefolleg vun de Sproochen ass awer sonner Zweifel falsch gewielt.
Wou ech awer och keng Entschëllegung gesinn, ass bei dem Film oder där « Bande-annonce » fir e « Workshop » den 11. Mee wou e Schauspiller op Franséich senger Fra « A ce soir, chérie » seet. An den Economist vun dem ech grad geschwat hat, an ech, an vläicht och nach e puer aaner Leit denken dat hei e Saz op Lëtzebuergesch vläicht net schlecht gewiecht wier…
Franséich ass eng schéi Sprooch. Ech hénken emotional an intellektuell un hir an liesen sou vill wéi méiglech op Franséich. Mee et ass hei am Land eng Friemsprooch, déi mir aus réng politesche Grënn zu enger vun eisen Verwaltungssproochen gemaach hunn. Et ass net eis Nationalsprooch an och keng Landessprooch, wéi well dacks probéiert gëtt ze behaapten. Mir hunn keng „dräi Landessprochen“!
Vill Leit hei am Land, Lëtzebuerger an Auslänner, kënnen iwwregens och net vill bis iwwerhaapt keen Franséich. Als Integratiounssprooch sollte mir ëmmer Lëtzebuergesch wielen, fir och eiser Traditioun an eiser Kultur eng Zukunft ze ginn. De Lëtzebuerger Multilinguismus ass definitiv net mat dem Schwäizer oder dem Belschen vergläichbar.
Hei ass eist Sproochegesetz:
http://eli.legilux.public.lu/eli/etat/leg/l/1984/fev/24/n1?
Och op dësem Blog hunn ech dat schonn e puer mol gesot : ech wëll net dat Franséich zu eiser Koloniséierungssprooch gëtt ! An ech mierken, dat vill Leit hei am Land sou lues d’Gedold verléieren. D’Sprooch vun dësem Land ass LETZEBUERGESCH ! An dat gëllt och fir d’Chambre de Commerce!
An dësem Zësummenhank ass och en Artikel interessant en am „Quotidien“ vum 24. Abrëll 2013 iwwer d’Initiativ „5 vir 12“ publizéiert gouf („Les pendules remises à l’heure„). Och hei geet et ëm d’lëtzebuerger Sprooch an och den Artikel gouf mir vun enger ëm eis Land besuergter Damm, enger Juristin, ginn. Ech zitéieren:
„Quant aux étrangers au Luxembourg, ils sont priés de montrer un minimum d’intérêt pour leur pays d’accueil en apprenant le luxembourgeois, voie royale pour s’intégrer dans cette société cosmopolite qui doit se trouver comme langue commune le luxembourgeois. Les lycéens y tiennent autant qu’aux deux autres langues d’ailleurs. Ils ne veulent pas de filière francophone ou germanophone par crainte de créer deux groupes qui ne communiquent plus. Et même si l’intégration peut se réaliser par d’autres moyens, il n’en demeure pas moins que le meilleur moyen de véhiculer une culture reste la langue.“
A bon entendeur, salut !
Bonne nuit, 2030.lu !