Anne Brasseur – Staatsfeind Nummer 1 zu Monaco!

Dëse Week-end wor ech op enger Konferenz am Ausland op där ech och Politiker getraff hunn, déi  an der Assemblée parlementaire vum Conseil de l’Europe aktiv sinn. Interessant sinn déi vill negativ Kommentaren déi ech do iwwer d’Madame Anne Brasseur héieren hunn. Si hätt sech bannent kuerzem a ganz ville Länner onbeléift gemaach a wär besonnech wéinst hirer Intransigenz bekannt. An der parlamentarescher Versammlung vum Europarot huet geschwënn den liberalen Grupp d’Presidentschaft an d’Madame Brasseur wär selwer Kandidatin fir déi Presidentschaft. Anscheinend mecht dat awer och ganz ville Leit en hirem eegenen, dem liberalen Grupp, grouss Suergen.

Perséinlech fannen ech déi Reprochen a Reserven glaafwierdeg. Nach déi lescht Woch huet d’Madame Brasseur sech an der baussepolitescher Kommissioun vun der Chamber ganz am Eecht an mat vill Vehemenz doriwwer opgereegt, dat en israeleschen Minister, bei sech doheem an Israel, op Hebräesch (natierlech mat enger Iwwersetzung op Englesch) mat enger Delegatioun vum Europarot geschwat hat! An den An vun der Madame Brasseur schengt et also lo sou ze sinn, dat iwerall muss Englesch geschwat ginn.  An mengen An dogéint huet all israeleschen Politiker (an all déi aner natierlech och) egal wou an egal wéini dat Recht fir an senger eegener Sprooch ze schwätzen. Wou soll dann do iwwerhaapt de Problem sinn? Et wor jo en Dolmetscher do!

Zu Lëtzebuerg gëtt et jo bekanntlech keng Kritik um Behuelen vun eisen Politiker am Ausland. D’Medien schengen do kollektiv blann-daaf-stomm ze sinn. Dat beschte Beispill ass d’Madame Reding, mee net si alleng. Och iwwer der Madame Brasseur hire Sträit mat Monaco, engem sympatheschen, friddlechen an frëndleche Stat um Mëttelmier, ass heiheem net oder kaum geschwaat ginn. Bekanntlech kritiséieren eis Medien just nëmmen d’ADR.

Onwichteg wär e bësschen Objektivitéit awer net, well der Madame Brasseur hier verfehlten Initiativen belaaschten an der Tëschenzäit souguer eis bilateral Relatiounen mat Monaco. Enner Diplomatie verstinn ech jiddefalls eppes aanecht. D’Madame Brasseur huet den constitutionnelle System vu Monaco oppen attaquéiert an doduerch eng indignéiert Reaktioun vun der Regeirung provozéiert :

http://www.gouv.mc/A-la-Une-du-Portail/Communique-du-Gouvernement-Princier-suite-aux-declarations-de-Mme-A.-Brasseur-dans-l-edition-de-Monaco-Matin-du-16-novembre-2012

Der Madame Brasseur hirer illuminéierter Meenung no, ass Monaco net demokratesch genuch an si huet d’ « Commission de Venise » mam Fall saiséiert. D’Commission de Venise ass e konsultativt Organ vum Europarot.

http://fr.wikipedia.org/wiki/Commission_de_Venise

ALL (!) monegaskech Parlamentarier hunn sech GEINT (!) der Madame Brasseur hir Initiativ ausgeschwat – mee si wees et jo bekanntlech besser wéi déi gewielten Vertrieder vum monegaskechen Vollék.

http://www.conseil-national.mc/pdfs/actu428_1.pdf

Lo kann d’Madame Brasseur iwwer Monaco denken wat si wëll, mee Demokratie huet och eppes mam Respekt virun engem gewielten Parlament ze dinn. Fir dat ze wëssen, brauch en als richtegen Demokrat keen Avis vun enger Commission de Venise.

Ech wees net, wéi e Ministär d’Madame Brasseur kritt, wann si no denen nächste Wahlen sollt mat hirer Partei an d’Regierung kommen, mee ech hoffen, et ass net de Bausseministär.

Dieser Beitrag wurde unter ADR, Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert