Bravo, Conseil de Presse!

Wéi bekannt, sinn ech keen groussen Bewonnerer vun der lëtzebuerger Partei- an Boulevardpress (an ëmgekéiert).  Mee déi Kéier muss ech awer soen: all Respekt! Et gëtt anscheinend nach  Spueren vu Courage an vun Eiergefill an eisem Conseil de Presse. Fir mech ass dat eng agreabel an wëllkomm Iwwerraschung.

De Conseil de Presse wëll eng national Sensibiliséierungscampagne maachen – plus Schrëtter bei internationalen Gremien – wéinst der Verletzung vun der Pressfräiheet duerch dat berühmt-berüchtegt Gesetz iwwer de gläichen Zougank vu Fraen a Männer zu Saachen an Déngschtleeschtungen (de fréieren Projet 6127). Op dësem Blog gëtt et dozou en ausféierlechen Artikel (Vergläich Lëtzebuerg-Ungarn: d’Fräiheet vun der Press). Dat Gesetz wor en ausdrécklechen Wonsch vun der CSV an besonnech vun der Madame Hetto, voll ënnerstëtzt vun LSAP, Blo, Gréng an Lénk. Alléng d’ADR huet fir d’Fräihet vun der Press gekämpft an huet géint dat Gesetz gestëmmt. Well ech mech och perséinlech an der Chamber an dobausseen staark géint dat Gesetz engagéiert hat, gouf ech alt nees vu ville Leit als „fraefeindlech“ diffaméiert. Sou domm ass d’lëtzebuerger Politik.

Ech kann de Conseil de Presse mol eng Kéier nëmmen luewen an ënnerstëtzen. Ech wënschen him all Erfolleg bei senge Beméiungen fir méi Pressfräiheet zu Lëtzebuerg.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert