D’Piraten: moralesch an historesch Analphabetismuspartei

E Schock wor et, wou ech gewuer gouf dat den Här Sven Clement am Eecht eng „Beschäftegungsflicht“ fir RMG- Empfänger mat dem nationalsozialisteschen „Arbeit macht frei“ soll verglach hunn.

http://news.rtl.lu/commentaire/commentaire/434591.html

Sou Ongeheierlechkeeten erënneren mech un de Bildungsstand vun engem gewëssen RTL-Journalist den an engem Kommentar iwwer d’ADR eppes vu „brongem Bulli“ gefuebelt hat. Den ass allerdéngs bedeitend méi al wéi de Pirateboss an hätt kënnen fir zwee Su Verstand weisen. Mee dat ass en anert Kapitel…

Ech hunn um Site vun de Piraten no där Presskonferenz gesicht an se net fonnt. D’Transparenz schengt bei de Piraten do hir Grenzen ze hunn wou se hir eegen Dommheet a Verantwortungslosegkeet fir de de breede Publikum missten dokumentéieren.

Am sexuellen Beräich hunn ech d’Piraten schonn méi wéi eemol kritiséiert, mee dem Hàr Clement seng Entgleisungen iwwer d’Nazizäit sinn fir all normale Mënsch schwéier ze erdroen. Fir Leit mat zum Deel jüdescher Ofstaamung nach méi. Moralesch am héchste Mooss onräif ass nach dat Gentilst wat een do ka soen, historesch ongebild gläich mat. D’Piraten sollten sech lo ganz am Eecht iwwerleeën, ob si sou eng Persoun wéi den Här Clement nach an enger Féierungspositioun wëlle gesinn. Bei der ADR wär en fort.

Hei ass e bësschen Geschichtsunterrecht fir d’Piraten:

 

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert