Wat ass den „Zweeten Bureau“?

Well déi Theorien ëm eng Verwécklung vum „Stay behind“ mat der Affàr Bommeleeër sou lues a lues hire natierlechen a verdéngten Doud stierwen, kommen lo vun der politescher Lénker nei Theorien op den Dësch. Ech maachen net gär Graduatiounen an der Verrécktheet – zum Polit-Psychiater fillen ech mech net beruff –  dowéinst setzen ech déi nei Theorien einfach mol op den sëlwechten Niveau wéi déi Verschwörungstheorien ëm de Stay behind-Réseau.

Déi Kéier soll et den zweeten Bureau vun der Arméi gewiescht sinn, eng Unitéit déi an enger operativer Konzeptioun an den 80er Joeren schonn éiweg laang opgeléist war, an just um Bataillounsniveau nach rudimentar fonctionnéiert huet.

Fir dat ze vestoen muss een wëssen dat e Batailloun, wéi och méi grouss militaerech Unitéiten, an der Regel véier „Branchen“ an engem Etat-major hunn: 1 Personal, 2 Renseignement, 3 Operatiounen an 4 Logistik. Den Artkel vu Wikipedia beschreift dat richteg:

http://fr.wikipedia.org/wiki/Deuxi%C3%A8me_Bureau

Am Krichsfall haett d’Arméi e Batailloun gestallt, an den „2“ hätt also dann déi Roll vum Renseignement missen erfëllen. Hei goung et awer absolut net em klassesch geheimdéngschtlech Aarbecht, mee em reng militärech Informatiounen am Asazgebitt vun där jeweileger Unitéit.

Beispill: wéivill Leit huet den Enemy an eisem Asazgebitt? Wéi eng Waffen? Wéi sinn seng Truppen verdeelt? Wéi héig ass de Risiko vun feindlecher Loftënnerstëtzung? Wéi sinn dem Enemy seng Positiounen gesëchert? Wat wësse mir iwwer déi feindlech Unitéiten? Wéi ass hir Moral? an sou weider….

Opgrond vun sou Informatiounen vum 2 kann den 3 dann en Asazplang ausschaffen den hien dem Kommandant proposéiert.

De lëtzebuerger Batailloun wär am Krichsfall wahrscheinlech am Kader vun der AMF (Allied Mobile Force) engagéiert ginn, an hätt seng Informatiounen fir den 2 wahrscheinlech all vun den Alliéierten kritt. Den 2 wor also fir den speziellen Kader vum lëtzebuergeschen Verdeedegungsoptrag keng eegestänneg Noutwendegkeet an also och keng Prioritéit. Dowéinst schwätzen ech vun engem rudimentaren Reschtbureau, den – souwäit en iwwerhaapt nach existéiert huet – aus engem oder zwee Leit bestaanen huet denen hir Missioun ech grad beschriwwen hunn. Dat wor keen OSS oder SAS oder soss iergend eng operationell Unitéit mee eng gewéinlech Etat-majors-Funktioun.  

Fir also lo ze behaapten den 2 hätt iergend eng Roll an de Bommenattentater an den 80er Joeren gespillt, ass eppes wat mech op meng al Deg nach ameséiert. Wat kréien mir an der Affär Bommeleeër nach alles zervéiert, bis endlech kloer ass, dat déi Attentater keng Militäroperatiounen waren?

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert