« Making Luxembourg » an zwar duerch d’lëtzebuerger Sprooch !

Den Här Professer Fernand Fehlen vun der Uni Lëtzebuerg hat den 10. Mee 2013, also genee um 73. Joeresdag vun der däitscher Invasioun vum 10. Mee 1940, en Artikel iwwer d’Sproochesituatioun zu Lëtzebuerg publizéiert, dem seng Argumentatioun ech nëmmen deelweis kann novollzéien.

Eng Bemierkung virwech : ech wieren mech grondsätzlech géint all Vermëschung vun der lëtzebuerger Sproochesituatioun mat där vun Länner an denen et regional verschidden Landessproochen gëtt, wéi zum Beispill d’Belsch, d’Schwäiz oder de Kanada.  Bei eis gëtt et keng regional ënnerschiddlech Sproochen mee d’Situatioun ass vill méi komplex.  Wichteg ass : et gëtt bei eis nëmmen ENG Nationalsprooch an keng dräi. Virun allem op der Uni, mee och an denen lénken Parteien, inclusiv d’CSV, gëtt et well eng Tendenz fir vun denen « dräi Landessproochen » ze schwätzen. Déi gëtt et bei eis net. Et gëtt just dräi administrativ Sproochen an dat ass nun eemol ëppes ganz aanecht.

Eis Dräisproochegkeet ass e gewollten juristeschen a kulturellen Konstrukt. Aus politeschen an och aus aaneren Grënn hunn mir Lëtzebuerger am Laf vun der Zäit verschiddenen Friemsproochen hei am Land hir respektiv Plaz zougewisen. An als Konservativen an als Patriot soen ech och ganz däitlech : mir Lëtzebuerger decidéieren  alléng a souverän wéi eng Sprooch hei am Land soll wéi eng Roll spillen.

Et ass schéin ze gesinn, dat Lëtzebuergesch ëmmer méi wichteg gëtt. Souwuel an der Politik, wéi an der Kultur, wéi och an de (sozialen) Medien. Wien haut wëll Lëtzebuergesch zréckdrängen den stéisst Gottseidank op Widderstand! Déi fënnef Parteien an der Chamber déi fir d’Auslännerwahlrecht antrieden wëllen awer virun allem déi franséich Sprooch nes vill méi dominant maachen. De Niveau vum Lëtzebuergeschen wëllen si gläichzäiteg iwerall rofsetzen, wéi grad lo zum Beispill am Nationalitéitegesetz. Wou virun e puer Joer d’Gemengewahlrecht geännert gouf fir allen Auslänner d’Wahlrecht ze ginn an hinnen ze erlaben fir och Buergermeeschter oder Schäffen ze ginn, dunn hunn d’Sozialisten an där zoustänneger Chamberkommissoun souguer gefuerdert, dat hei am Land soll FRANSEICH an de Gemengeréit geschwat ginn ! D’ADR wor natierlech dogéint an konnt sech duerchsetzen.

Jiddefalls ass d’lëtzebuerger Sprooch haut en absolut zentralen an identitéitsstëftenden Bestanddeel vum lëtzebuerger Vollék an der lëtzebuerger Natioun.  Wien keen Lëtzebuergesch kann ass eventuell um Pabeier ë Lëtzebuerger, mee vollwäerteg an eis Gesellschaft integréiert ass ën de facto net. Et gëtt och hei am Land eng normativ Kraaft vum Fakteschen déi fir d’Lëtzebuerger Sprooch schafft –  an déi Kraaft  ass d’Léift vu ganz ville Leit fir eis Sprooch an duerch si fir eis Identitéit.

1984 ass Lëtzebuergesch zur Nationalsprooch erklärt ginn, well et an extremisteschen däitsche Kreeser nes « völkesch » Kommentaren iwwer ons an ons Sprooch gouf.

Haut – bal 30 Joer méi spéit – musse mir eis Verhältnis zur franséicher Sprooch iwwerdenken.  Dësst Land benotzt Franséich –  eng wonnerschéin an räich Sprooch  –  als Gesetzes- an Verwaltungssprooch. Mee Lëtzebuerg ass KEEN franséichsproochegt Land ! Mir sinn « francophone » am Sënn vun engem « partage de la langue française », dat jo, mee awer och net méi wéi dat.

Keen soll mengen mir hätten eng « gewachsene Dreisprachigkeit » déi eis auslännesch Matbierger geng dovun entbannen fir missen Lëtzebuergesch ze léieren. Verschiddener schéngen ze mengen, dat et ëmmer nëmmen un de Lëtzebuerger wier, fir am eegenen Land misse Friemsproochen ze benotzen fir kënnen mat aanere Leit an d’Gespréich ze kommen.

Ech perséinlech empfannen Franséich ëmmer méi als Koloniséierungssprooch.  Eng Rei vu Leit schengen där Meenung ze sinn, si kéinten eis Sprooch einfach ignoréieren. Dat ass net de Belsch an de Fransousen hir Schold mee denen Lëtzebuerger hir, déi an der Vergaangenheet oder och haut nach net genuch op d’Wichtegkeet vun eiser eegener Sprooch insistéiert hunn.

Ech vertrieden dowéinst dëss Positiounen :

Lëtzebuergesch muss déi systematesch benotzten Integratiounssprooch ginn fir d’Inklusioun vun allen Auslänner ze erméiglechen.

Lëtzebuergesch muss als National- an als Verwaltungssprooch weider opgewärt ginn.

Lëtzebuergesch muss en obligatorescht a wichtegt Schoulfach ginn.

Lëtzebuergesch muss och an Europa opgewäert ginn. Lëtzebuergesch muss an all Kontakt mat europäeschen Instanzen als gläichberechtegt an gläichwäerteg Sprooch kënne  benotzt ginn. Europäesch Reglementatiounen  déi déi lëtzebuergesch Sprooch net genuch respektéieren ginn ganz séier korrigéiert.

Lëtzebuergesch muss an all Geschäft geschwaat ginn an dem en direkte  Kontakt mam Client besteet.

An fir weider gutt Iddien sinn ech natierlech ëmmer ze kréien!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu « Making Luxembourg » an zwar duerch d’lëtzebuerger Sprooch !

  1. Tania sagt:

    Gudde Moien Här Kartheiser,

    do sinn ech ganz Ärer Meenung. An ALL aner Land muss een d’Sprooch vun deem Land kënnen fir sech z’integréieren, fir eens ze ginn.
    Just hei ass jidderee wëllkomm a et gëtt hinnen all entgéintkomm, souwäit, dass se wierklech mengen, et wier jo guer net néideg sech drunzeginn a Lëtzebuergesch ze léieren, et geet jo anscheinend och ganz gutt esou!
    Leider fir de Lëtzebuerger, dee ganz séier zum Rassist erklärt gëtt, just well ëm seng Sprooch wichteg ass!

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.