De José Manuel Barroso als Maoist

Virun e puer Deg hunn ech en Artikel hei publizéiert iwwer déi kommunistesch Vergaangenheet vum Här Kretschmann. Haut wëll ech un déi maoistesch Aktivitéiten vum heidegen Privatiséierungsaffekot an EU-Kommissiounspresident José Manuel Barroso erënneren.

Et ass schonn ëmmer nes verwonnerlech fir ze gesin wouhin an wéi wäit en Engagement fir Lénksdiktaturen een am Liewen brénge kann. De Mao wor vläicht eng grouss Perséinlechkeet an der Weltgeschicht, mee e wor virun allem och e Massemäerder.

Eng politesch Carrière soll een als Ganzt kucken an als Ganzt bewäerten. Et kann jo sinn, dat den Här Barroso haut seng Feler aus der Vergaangenheet agesinn huet. Ob hien awer e richtegen Demokrat ginn ass, woen ech ze bezweifelen. Haut schwätzt hien ganz séier vun „Populismus“ an vun „Nationalismus“ an och vun „Xenophobie“ wann europäesch Bierger an der Ausübung vun hiren demokrateschen Biergerrechter an Fräiheeten d’Europäesch Unioun kritiséieren oder souguer a Fro stellen.  Hien ass nach ëmmer keen toleranten Mënsch an och keen vun der éierlecher, politescher Analys an der objektiver Differenzéierung.

Ech geng mol gär wëssen, wéi hien dann haut dem Mao seng Kulturrevolutioun a säin „Grousse Sprong no vir“ mat Milliounen vun Doudegen beuerteelt? An wat denkt hien wuel haut, zësummen mat senge Kolleegen vun der OECD, vum „bourgeoisen Educatiouns-system“? An wat denkt den Här Barroso  haut vun enger „Politik géint d’Aaarbechter“ an enger „Politik géint d’Vollék“, déi hien an dësem Film sou passionéiert kritiséiert?

Jiddefalls stellen ech fest, dat d’EU vun haut vun engem (Ex-?)-Veréierer vun engem Diktator a Massemäerder geféiert gëtt. Psychologesch a politesch net oninteressant…

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert