ASTI : latenten Alldaagsrassismus géint d’Lëtzebuerger !

Op RTL koum lo d’Neiegkeet, dat am Kader vun der Campagne „Making Luxembourg“ vun der ASTI  e Grupp vu Meedeecher aus dem Fieldgen eng Emfro iwwer  Rassismus an hirer Schoul  gemaach huet. D’Resultat geng zum Deel en « latenten Alldaagsrassismus » weisen.

http://news.rtl.lu/news/national/437915.html

Als « carrément alarmant » gëtt agestuft, datt « jeeweils ëm di 40 Prozent der Meenung sinn, dass Auslänner méi kriminell a méi oft a Kläppereie verwéckelt sinn, ewéi Lëtzebuerger.”  Ech sinn domat d’accord dat de Fait “alarmant” ass, mee well en ganz einfach der Wouerecht entsprecht an net iergend engem “Rassismus”.

Hei sinn d’Polizeistatistiken fir d’Joer 2012:

An allen dräi Kriminalitéitskategorien, géint Persounen, géint Saachen an Aneres sinn déi auslännesch Täter bei wäitem an der Majoritéit.

http://www.police.public.lu/actualites/statistique/rapport_stat_2012/presentation-stat-2012.pdf

Als „rassistesch“ stuft d’ASTI och nach eng aner Tatsaach an, nämlech déi, „dass d’Migranten de Niveau an der Schoul erofdrécken“. An all Diskussioun an der Chamber, och vun der Säit vun der Regierung,  gëtt de Verfall vum Schoulniveau, zëmools am Sproochenunterrecht, ëmmer nees genee domadder justifiéiert, dat de Sproocheniveau an de lëtzeburgesche Schoulen keen Promotiounshindernis fir d’Auslänner sinn däerf.

An feutréierter Form, steet dat och a villen Dokumenter, wéi zum Beispill hei am am neien Projet de loi 6573 iwwer d’Reform vum Enseignement secondaire („l’école doit nuancer ses exigences“):

Diversité linguistique

Le multilinguisme typique de la population luxembourgeoise constitue, quant à lui, l’un des plus grands atouts du Grand-Duché, dans notre village global sans frontières. Au sein de l’École, le multilinguisme (allemand, français, anglais) constitue aussi une force et doit lerester. Or, aujourd’hui, il est devenu pour nombre de jeunes un obstacle à la qualification ou aux études. L’environnement linguistique a changé. Au cycle 1 de l’École fondamentale, plus de 60% des enfants ne parlent pas le luxembourgeois comme première langue à la maison; dans le secondaire et le secondaire technique, ce chiffre dépasse aujourd’hui 40% et va en toute logique encore augmenter dans les années à venir. En outre, même parmi les élèves de nationalité luxembourgeoise, seuls 70% parlent le luxembourgeois comme première langue.

Par ailleurs, le processus d’acquisition des langues n’est pas le même pour tous ; les mêmes niveaux de compétences ne peuvent être exigés de l’ensemble des élèves. Ainsi qu’en témoignent les études du Conseil de l’Europe, l’équilinguisme (mêmes capacités linguistiques dans toutes les langues du pays pour chaque élève) est un objectif ambitieux que les plus doués des élèves peuvent atteindre, mais cet objectif est irréaliste pour un grand nombre d’entre eux. L’École doit donc nuancer ses exigences, stimuler au maximum le potentiel de chacun en différenciant les méthodes et les outils, et donner aux langues leur juste place dans l’orientation des élèves.“

De Problem ass den hei: de Constat den d’Meedercher gemaach hunn ass un sech faktuell richteg, mee d’Analys an d’Conclusiounen mussen och nach stëmmen.

Dat mir eis lëtzebuerger Chômeuren net ënner Daach kréien, ass net de Frontalieren hir Schold, mee dat ass d’Resultat vun dem joerzéntelaangen Verfall vum eisem Schoulsystem. Eis Schoulabsolventen sinn einfach däitlech méi schlecht wéi d’Auslänner, fréier woren se däitlech besser. Konkret ass dat d’Schold vun enger populistescher Schoulpolitik vun CSV, DP an virun allem der LSAP déi Schrëtt fir Schrëtt d’Katastrof herbäigeféiert hunn: Kompensatiounsméiglechkeeten, Reduzéierung vun der Dauer vun de Schoulstonnen, kompetenzorientéierten Unterrecht, etc… Hei gëllt et d’Reformen endlech ze stoppen an d’Schoulpolitik nees konsequent op Leeschtung, Fläiss an vill Aarbecht auszeriichten.

De Verfall vum Schoulniveau, an virun allem vum Sproochenunterrecht, ass ënner anerem och d’Resultat vun enger inexistenter Auslännerintegratiounspolitik vun eisen sukzessiven Regierungen. Mir mussen déi auslännesch Kanner fir t’éicht am Lëtzebuergeschen, Däitschen a Franséichen op déi néidege Niveau bréngen ier mir si an eng fir si alters-, intelligenz-, an talentadäquat Schoul integréieren. Nëmme sou, kënnen si wierklech eng Zukunft an der Mëtt vun der lëtzebuerger Gesellschaft kréien an net un hirem Rand.

An wat déi kriminell Auslänner ugeet, do ass meng Positioun ganz kloer: déi hunn hei näicht verluer. Do schloen natierlech all déi lénk Parteien d’Rad wann ech dat soen, mee ech wär konsequent den, den Auslänner geng aus dem Land wierfen, wann si hei d’Gesetzer net respektéieren. Denen Lénken, Gréngen a Rouden hir Meenung zu dem Thema ass mir vollkommen egal. Wann ech am Ausland sinn, dann behuelen ech mech, genee sou wéi ech mech ze behuelen hunn, wann ech bei anere Leit doheem invitéiert sinn. Wen d’Gaaschtfrëndschaft verletzt, muss goen. Mir brauchen hei nëmmen éierlech a fläisseg Leit. Wann iergendeen mengt, missen kriminell ze sinn, – an dat muss jo bekanntlech keen sinn – dann soll en dat bei sech doheem maachen an net hei.

An der Schwäiz gouf et och schonn eng Debatt iwwer dat Thema, an vill Leit hu gemengt, dat een kriminell Auslänner jo net kéint zweemol bestrofen, eemol penal an dann och nach duerch eng Ausweisung. Ech gesinn dat aanecht: déi penal Strof muss fir jiddereen d’nämlecht sinn, fir den Auslänner wéi fir de Lëtzebuerger. Mee den Auslänner huet doriwwer raus och nach seng Flichten als Gaascht an engem friemen Land mëssuecht an dowéinst kann en an dem Land net bleiwen.    

An dann nach e Wuert zur ASTI: amplaatz d’Lëtzebuerger als „rassistesch“ ze kritiséieren, wann si objektiv Tatsaachen an Problemer  uschwätzen, zum Beispill déi majoritär Repräsentatioun vun den Auslänner an de Kriminalitéitsstatistiken, sollt si domat ophalen, fir de Lëtzebuerger dauernd wëllen e schlecht Gewësssen ze maachen. Wat soll sou eng Campagne wéi „Making Luxembourg“? Dësst Land ass net rassistesch! Sëcher ass net alles perfekt an eng Rei vun Efforten musse gemaach ginn, mee ech hunn nach ni sou en tolerant an auslännerfrëndlecht Land gesinn wéi eist!  Iwwregens: wou bleiwen d’Integratiounsefforten vun den Auslänner? Wéivill vun hinnen léieren eis Sprooch? Do sinn och nach vläicht Efforten ze maachen, oder net?

A mengen An priedegt d’ASTI de Rassismus géint d’Lëtzebuerger. Aanecht kann ech déi Manéier net nennen, mat där d’ASTI  eis ëmmer nes  „latent“ duerstellt.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert