An eiser Gesellschaft ass d’Reliounsfräiheet e wichtegen Deel vun eisem Wäertekodex. Dat ass richteg a gutt sou. Mir kennen eng Toleranz géintiwwer de Reliounen, déi a villen, aneren Deeler vun der Welt leider net existéiert, zum Beispill an denen meeschten islamesche Länner.
An dësem Bäitrag wëll ech net den Androck ginn, dat all Moslem fanatesch an intolerant wär. Dat ass selbstverständlech absolut net de Fall. Mee ech wëll awer eise professionnellen Multi-Kulti-Dreemerten däitlech weisen, wéi eng Risiken bestinn, wann mir egal wen an eist Land eran loossen an alles gutt a schéin fannen wat si maachen well mir jo sou super-tolerant géintiwwer aneren Kulturen sinn.
Et gëtt ebe Leit, déi grondsätzlech ganz aner Usiichten vun Toleranz géintiwwer anere Kulturen hunn, wéi mir. Et gëtt vill Muslimen an dene westleche Länner, déi déi iwwer Joerhonnerten gewuesse Kultur vun dene Länner absolut net wëllen akzeptéieren. Op eng ganz Rei vu konkrete Problemer déi sech fir eis Gesellschaft an dem Zësummenhank stellen, ginn ech an dësem Bäitrag nach net an. Dozou gehéieren speziell och eng Rei vu Problemer déi virun allem d’Fraen an d’Meedercher betreffen, mee och zum Beispill déi Muslimen déi hir Relioun wëlle wiesselen.
Am Abléck bleiwe mir mol beim Thema Multi-Kulti an der islamescher Welt:
Beispill Nummer 1: d’Taliban an d’Buddha-Statuen vun Bhamiyan.
http://de.wikipedia.org/wiki/Buddha-Statuen_von_Bamiyan
2. Beispill Nummer 2: déi ägyptesch Monumenter aus der Antiquitéit:
De Sheikh an dësem Film ass natierlech e fanateschen Extremist, den jo och dowéinst schaarf ugeggraff gëtt. Mee och déi Leit hunn jo bekanntlech hir Unhänger.
3. Beispill Nummer 3: d’Situatioun vun de Chrëschten an der islamescher Welt
Zu dem Thema recommandéieren ech ausdrécklech dat Buch vun der Madame Rita Breuer „Im Namen Allahs? Christenverfolgung im Islam“, Herder 2012, ISBN 978 – 3 – 451 – 30530 – 6, 159 Säiten.
Nach de 6. Juli 2011 hat ech an der Chamber eng Motioun abruecht, fir d’Regierung opzefuerderen fir sech fir déi verfollegt Chrëschten an aner reliéis Minoritéiten wéi z. B. d’Bahai am Iran anzesetzen. D’Sozialisten, déi Blo an déi Gréng hunn sech staark gemaach fir dat déi Motioun soll refuséiert ginn. Och den Här Asselborn hat jo schonn an der Vergaangenheet refuséiert fir sech an där do Hinsicht ze engagéieren an wor och net bei dëser Debatt vertrueden.
Och den 15. November 2012 hat ech den Här Minister Asselborn rëm bei der baussepolitescher Debatt opgefuerdert, fir sech fir déi ënnerdréckten reliéis Minoritéiten anzesetzen.
Ech mengen, déi Leit déi wierklech fir kulturell Toleranz antrieden, sollten dat net nëmmen hei zu Lëtzebuerg maachen mee iwwerall an der Welt, besonnech do wou et schwéier oder souguer geféierlech ass dat Thema unzeschwätzen . Dat ass dee richtege Moossstaw an dëser Debatt an do gesinn ech der hei am Land net vill, déi do wierklech glaafwierdeg wären!
Ech verlaangen vun dene Moslem déi wëllen an eisem Land liewen, dat si sech op Grond vun eise Wäerter integréieren an dozou gehéiert och den absolute Respekt virun der Reliounsfräiheet – inklusiv der Fräiheet fir seng Relioun ze wiesselen oder iwwerhaapt keng ze wëllen – an de Respekt fir d’Mënscherechter a fir all eis Gesetzer déi genee sou fir d’Fraen wéi fir d’Männer gëllen. Dorop kommen ech nach zréck.
Hei ass nach eng bemierkenswäert Interventioun vun enger laizistescher Damm: