Männer als Affer vu Gewalt doheem (2): d’Fraen schloen méi dacks!

An der Chamber gëtt jo nach ëmmer sou gemaach als wär d’Gewalt doheem haaptsächlech e Phänomen dat sech doduerch charakteriséiert, dat d’Fraen d’Affer an d’Männer d’Kläpper wären. Dat erkläet sech och duerch déi laangjähreg eesäiteg Propaganda vum Conseil national des femmes an séngen übleche Lobbygruppen, déi hir Stëmmen a feministesch Kreeser fësche ginn, wéi zum Beispill déi Gréng. D’CSV probéiert jo bekanntlech och en Deel vum radikal-feministeschen Elektorat ze recuperéieren an ass dowéinst an d’Déiften vun der Gender-Ideologie ofgerutscht.

Zioert huet d’Fraeministech fir t’éicht an enger Presskonferenz missen zouginn, dat och hei am Land en héige Prozentsaz vun den Täter weiblech sinn. De Joeresrapport vun der Police fir 2012 schwätzt vun engem Véierel Täterinnen am Joer 2012. Deemools hat ech gesot, dat d’Etüden am angelsächsesche Raum weisen, datt d’Fraen an d’Männer gläich dacks gewalttäteg ginn. 25% hunn mir dowéinst nach ëmmer niddreg geschéngt.

Interessant ass dowéinst och dësen Artikel aus dem Spiegel, den souguer seet, dat d’Fraen méi dacks wéi d’Männer gewalttäteg wären.

http://www.spiegel.de/panorama/gesellschaft/degs-studie-auch-maenner-werden-in-beziehungen-opfer-von-gewalt-a-902153.html

Wann déi feministesch Lobbyen an der Chamber den do Message bis verstinn, da ginn d’Gesetzer iwwer d’Gewalt doheem wahrscheinlech och nees méi konform zu rechtsstaatlechen Grondprinzipien. Soulaang si awer mengen, dat dat Gesetz „nëmmen“ géint Männer géng goen, sinn rechtsstaatlech Prizipien hinnen zimlech egal.

 

Aktualiséierung: en Artikel zu dem Thema den ech den 9. Juni geschéckt kruut:

http://manndat.de/gewalt-gegen-maenner/das-tabu-in-den-medien.html?utm_campaign=das-tabu-in-den-medien&utm_medium=referral&utm_source=newsletter

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert