Ass d’TNS-ILRES well eng politesch Partei?

Verwonnert muss een notéieren, dat et well den Direkter vun engem Meenungsfuerschungsinstitut ass, den politesch Propositiounen an d’Welt setzt. Dem Här no, sollten d’Auslänner no zwee bis dräi Joer Residenz d’office op d’Wielerlëschten ageschriwwe ginn, ob si wëllen oder net.

Wann een – am Prinzip – « neutralen » Fuerschungsinstitut sou politesch Propositiounen mecht, dann ass et un der Zäit fir sech fundamental Froen ze stellen. Zum Beispill, ob d’TNS-ILRES iwwerhaapt nach neutral an onofhängeg ass, oder politesch accaparéiert ? Ginn Meenungsëmfroen hei am Land eventuell politesch gesteiert oder manipuléiert?

Den Här Direkter mengt och, et wär een an der Fro vum Walrecht fir d’Auslänner net « virukomm » – wat eng politesch brisant Wärtung ass –  well de Prozenztsaz vun de Lëtzebuerger déi sech dat kéinte viirstellen haut ëm 7% manner héig läit, wéi nach bis virun e puer Joer.

Et wär jiddefalls mol gutt, wann déi Monopolstellung vun där Firma hei am Land geng gebrach ginn – wann et muss sinn per Gesetz. Jiddefalls ass d’Glaafwierdegkeet vun TNS-ILRES a mengen An substantiell a Fro gestallt.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu Ass d’TNS-ILRES well eng politesch Partei?

  1. Arthur Feyder sagt:

    D’Griichen haten den Orakel vun Delphi, d’Réimer d’Auguren, de Marabout zu Lonkéch kuckt an d’Geträips vun engem Poulet, d’Kuarteleeësch huet den Tarot, anerer kucken an eng gliese Bull, an TNS-ILRES geheit de Frang. Or, de Frang geheien kritt den „Anstrich“ vu Wëssenschaftlechkeet a Repräsentativitéit, d’Resultat ass awer dat, wat d’Commanditaire wëllen, und das war’s. An deem ordre d’idées gëtt d’Alchimie eng Wëssenschaft an di richteg Wëssenschaft gëtt Alchimie.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert