D’ASTI um Holzwee!

Meng Positoun zum Auslännerwalrecht hunn ech op dësem Blog scho präziséiert. Fir mech kann d’Walrecht nëmmen un d’Lëtzebuerger Nationalitéit gebonne sinn. Dësen Artikel ass nëmmen eng zousätzlech Reaktioun op déi rezent Fuerderungen vun der ASTI.

Déi  huet haut verlaangt,  dat d’Auslänner déi hei liewen missten dat politesch Matsproochrecht bei de Chamberwalen kréien. E wichtegt Argument ass der ASTI – dat gouf  gläich  e puer mol an engem Radiosinterview betount – dat déi Leit jo hei genge Steiere bezuelen. Doduerch géif eng communauté « d’intérêts » mat de Lëtzebuerger bestoen, déi e politescht Matsproochrecht geng justifiéieren, net awer eng « communauté de destin » déi geng weiderhin vun der Nationalitéit ofhänken.

Dobäi wor et och nach ganz interessant festzestellen, dat d’ASTI, ähnlech wéi déi Gréng,  de Wäert vun eiser Nationalsprooch total relativéiert. Si geet einfach dovun aus, dat mir hei eng Situatioun vun enger de facto Dräisproochegkeet hätten, an dat dat politescht Liewen sech misst un déi Situatioun upassen.

Déi Positiounen vun der ASTI weisen ech vehement zréck. Eichtens wëll ech keen Parlament dat zwar habilitéiert wär fir – mat den Auslännerstëmmen – iwwer Froen vun eiser sougenanntener « communauté d’intérêts »  mat der auslännescher Populatioun ofzestëmmen, dat awer dann, wann et em den « destin » vun de Lëtzebuerger geet, net méi déi Kompositioun hätt, déi e reng lëtzebuergeschen Elektorat  der Chamber ginn hätt. Fir mech ass a bleift et kloer, dat e Parlament ëmmer muss sou zësummegesat sinn, dat et ouni Rechtszweifel d’Interessen an d’Schicksalsfroen vum Staatsvollék kann verdeedegen.

Ech weisen och dat Argument mat de Steieren zréck. De 26. Oktober 1919 gouf zu Lëtzebuerg dat universellt Walrecht agefouert – gebonnen un d’Nationalitéit. Virdrunn haten net nëmmen d’Fraen kee Walrecht, mä och 75% vun de Männer hate keent. Bis dohin wor d’Walrecht nämlech u steierlech Critèren gebonnen. Et wor eng grouss a wichteg demokratesch Entwécklung, dat keng finanziell Critèren méi sollten iwwer d’Walrecht decidéieren.

Wa mir lo gengen higoen an nes e steierleche Critère gengen aféieren – den jo dann secher och misst fir d’Frontalierë gëllen soss wären déi jo géintiwwer denen residenten Auslänner « diskriminéiert » – da geng dat méi Froen opwierfen wéi beäntwerten.  Wéi wär et mat denen residenten Auslänner déi hei keng Steieren bezuelen ? A mat denen déi keng Aarbecht hunn ? Hätten déi dann och all d’Walrecht ? Ass a Wierklechkeet dat Argument vun de Steieren net nëmmen e Virwand fir d’ASTI fir einfach d’Auslännerwalrecht ze fuerderen?

A wann dat Argument dann awer eecht ze huelen wär, – wat et wuelverstaanen net ass -, wéi wär et mat all dene Lëtzebuerger déi am Ausland wunnen an do Steiere bezuelen ? Missten déi dann net och d’Walrecht fir déi respektiv Parlamenter vun dene Länner kréien ?

D’ASTI ass sech bewosst, dat d’Aféierung vum Auslännerwahlrecht dat politescht Liewen hei am Land geng vollkommen op d’Kopp dréinen. Wéi bei der Chambre de Commerce an der Chambre des Métiers ass ausserdem net ze iwwerhéieren, dat si d’Auslännerwalrecht ënner anerem och als eng Moossnaam géint d’Fonction Publique gesäit.

Ech si gespaant wéi d’Lëtzebuerger sech an denen nächste Walen wärten decidéieren. Méi wéi je ginn dat Schicksalwahlen fir eist Land. Vläicht ass déi Diskussioun iwwer d’Auslännerwahlrecht vun de Sozialisten zu engem Abléck lancéiert ginn, wou se geduecht hunn, d’ADR wär schonn dout. Mä dëss Land brauch méi wéi je eng Partei déi sech nach éierlech a vu ganzem Härz fir d’Lëtzebuerger a fir Lëtzebuerg engagéiert.

 

Dieser Beitrag wurde unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu D’ASTI um Holzwee!

  1. Arthur Feyder sagt:

    D’merkantilistesch Contorsiounen vun ASTI asbl an anere Protagonisten, Steieren=Walrecht, bedeit/beinhaltet in der Tat, datt et erëm zum „suffrage censitaire“ kënnt. Ween de „cens“ bezillt, därf wiele goen a gewielt ginn, déi sëlleche Leit, déi keen „Zensus“ bezuelen, därfen net bei d’Urnen.

    Den Argumentaire(sic) ass forcément caduc pour ne pas être ni pertinent ni concluant.

    T’ass awer flott ze liesen an ze héieren, datt ASTI a Co zréck an 19. Joerhonnert wëllen, also an de Ständestaat. Esou eppes nennt ee „reaktionär“ an „diskriminatoresch“, oder, soe mer et euphemistesch, t’ass net méi dran.

    Wann een d’Gleichnis Steieren=Walrecht cartésianesch analyséiert, dann erfällt sachlech a logesch d’Schlußfolgerung, datt d’asbl ASTI an der Causa „allgemengt Walrecht“ keng voix au chapitre huet, well d’asbl ASTI nämlech keng Steieren=Zensus bezillt, mä au contraire Steiergelder kasséiert.

    D’eidel Rhetorik vun der subventionnéierter bien-pensance an hirem fonds de commerce ass eigentlech eng“volupté de fin gourmet“, fir ganz e wéineg de Courteline ze zitéiren.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert