D'“Erklärung vu Lëtzebuerg“ – Déi Gréng ruinéieren eis Economie

Virun e puer Deeg wor schonn bei der Competitivitéitsdebatt an der Chamber ganz kloer ginn, dat déi Gréng keen economesch Konzept fir eis Land hunn. (Artikel: de Minister Schneider entlarvt dé Gréng). Op enger anere Plaz hat ech och schonn dorop opmierksam gemaach, dat déi gréng Viirschléi am Energieberäich gréisstendeels onsënneg a souguer ëmweltschiedlech sinn. Déi vun denen Gréngen verlangten Holzpellet-Heizungen zum Besipill veruersaachen en enormen Schued am Bësch an en héigen CO2- Ausstouss duerch den Opwand beim Sammelen, Transportéieren a Verschaffen vum Holz. Biokraaftstoff mecht d’Ubauflächen ekologesch aarm, verdeiert d’Liewensmëttel an erhéigt de Methanausstouss den vill méi staark op atmosphäresch Prozesser awierkt wéi den CO2. (Artikel: Gréng Energiepolitik: e Sammelsurium vu Feler an Illusiounen). D’Wouerecht ass dat déi gréng Konzepter der Emwelt dacks méi schueden wéi se notzen.

Et gëtt einfach mol Zäit fir déi politesch Propositiounen vun där Partei auserneen ze plécken. Zënter Joeren maachen si sou als wären si déi gutt an déi moralesch Iwwerleeën, déi mam Duerchbléck eben. A Wierklechkeet sinn se moralesch Hypokriten (voir: Pädophiliedebatt), ekologesch Amateuren an economesch Katastrophen.

Haut wëll ech d „Erklärung vu Lëtzebuerg“ presentéieren, en Dokument dat de 7. Dezember 2010 vun enger Rei vu gréngen Europa-Deputéierten, dorënner den Här Claude Turmes, an den Vertrieder vun de lëtzebuergeschen Gréngen, denen Hären Bausch a Braz ugeholl gouf.

http://www.greng.lu/actualites/euro-krise-politik-muss-wieder-oberhand-%C3%BCber-die-finanzm%C3%A4rkte-erlangen

An hei ass den Text vun der Erklärung:

http://www.greng.lu/sites/greng/files/20101207-ErklaerungLuxemburg.pdf

Bei denen Propositiounen sinn der eng ganz Rei vun denen all Mënsch mat Verstand a Verantwortungsgefill hei am Land géng direkt ofroden.  Ech geng all eenzelne  Bierger den nach wees dat d’Suen net vum Himmel falen a besonnech d’Vertrieder vun eiser Economie invitéieren fir déi gréng Fuerderungen genee ze liesen an sech ze froen wéi eng Konsequenzen si fir eist Land, seng Competitivitéit, seng Wirtschaftsstruktur a seng Finanzen  hätten. Et gëtt nëmmen eng Conclusioun: déi Gréng dàrf een net wielen!

Hei een vu mir kommentéierten Auszuch:

 „Neue Steuereinkommen  (Kommentar: dat sinn Steiererhéigungen a besonnesch eng Erhéigung vum maximalen Steiersaz)  und eine stärkere fiskalische Zusammenarbeit sind notwendig, um ausgeglichene öffentliche Finanzen zu erreichen. Dies führt über :

– ein (sic!) Quantensprung um Kampf gegen die Steuerflucht  (Kommentar: bei der fraude fiscale (Steierbedruch) ass all Mënsch d’accord. Bei der Steieroptimiséierung sinn ech der Meenung, dat déi muss méiglech sinn. Déi Gréng sinn och géint d’Bankgeheimnis. Fir mech ass awer d’Bankgeheimnis  u sech eng gutt Saach soulaang keen Land doduerch e materielle Schued huet. Dat ass duerch d’Quellesteier garantéiert. Komesch dat déi Gréng zwar géint de glieserne Schüler awer fir de glieserne Bierger sinn! Ass do net e Widdersproch?)  

– ein (sic!) EU-Mindestsockel von 25 Prozent Unternehmenssteuern  (Kommentar: domatt géngen also net nëmmen d’Privatpersounen bei denen Gréngen däitlech méi héig besteiert, mee och d’Entreprisen. Reeëll ginn déi am Abléck mat ongeféier 18% besteiert. Déi gréng Iddi féiert zu engem weideren Verloscht vu Kompetitivitéit an domat zu Aarbechtslosegkeet).

– eine konsolidierte Unternehmenssteuerbasis, um die reale Steuerlast der einzelnen Unternehmen zu ermitteln.

– den automatischen Informationsaustausch für alle Einkommen, ausgedehnt auf die OECD-Staaten  

– innovative Steuern für die EU-Mitgliedstaaten und die EU, beispielsweise eine Finanztransaktionssteuer und Ökosteuern, die den Faktor Arbeit weniger und den Umweltverbrauch mehr belasten  (Kommentar: an nach méi Steieren, lo och nach där „innovativer“ !! Besonnech d’Finanztransaktiounssteier, wann se net weltwäit ageféiert gëtt, ass Gëft fir d’Finanzplaz Lëtzebuerg. Ausserdem gëtt se schlussendlech vun de Bankclienten bezuelt, also vun eis all. An wat d’Oekosteieren ugeet: do sinn déi gréng Iddien jo schonn ze spieren, villes ass an denen leschte Joeren schonn däitlech méi deier ginn: Waasser, Ofwaasser, Dréckseeemeren… Wat géng dat eréicht ginn, wann déi och nach an der Regierung wären? Jidddefalls kriit dann och d’EU direkt Steieren vun de Leit an méi sougenannten „eege Finanzmëttelen“.).   

– Eurobonds, also gemeinsame EU-Anleihen, um die ökologische Transformation der EU zu finanzieren (Kommentar: an domat misst Lëtzebuerg  och nach d’Scholden vun all denen aneren matbezuelen. Och dat wär ouni Steiererhéigungen net denkbar). 

– die qualifizierte Mehrheitsregel, die mittelfristig im EU-Rat bei finanzpolitischen Entscheidungen eingeführt werden muss.“ (Kommentar: an domat huet Lëtzebuerg och keen Vetorecht méi a Steierfroen oder bei anerer Froen déi fir d’Finanzplaz vun zentraler Wichtegkeet sinn. Dee blannen gréngen Europa-Federalismus géng eis Land an de finanziellen Ruin stierzen!)

Et soll keen dësem Blog ënnerstellen, dat en seng politesch Géigner net géng zu Wuert komme loossen. Mat grousser Freed presentéieren ech haut: de François BAUSCH, den eis eppes iwwer déi gréng Economie erzielt.

Den Här Bausch stellt de Wuesstum grondsätzlech a Fro (dobäi brauche mir 4% fir eis Sozialsystemer ze erhaalen), wëll de Réckbau vun der Automobilindustrie (vun där awer ganz vill Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg ofhänken, zum Beispill bei der GoodYear), wëll „dat manner Auto gefuer gëtt“ (e schéine Bonjour vum Totalitarismus), d’Leit sollen och „méi bewosst“ consomméieren (dat maachen déi meeschte Leit lo och schonn, Här Bausch!), an proposéiert dat d’Leit mol kënnen een- bis zweedausend Euro am Mount manner verdéngen mee sech dofir awer däerfen als Bénévole an der Gesellschaft engagéieren. Alternativ kënne si och an den Theater goen (den ass awer och net gratis!). Déi Aarm (an un denen wärt et bei enger gréngen Regierung net felen!) kriiten dann Sozialtransferten – wéi mer déi awer dann nach kéinte finanzéieren, dat seet den Här Bausch net. Dofir soen ech et dat dann fir den Här Bausch – als kléngen Gefalen ënner Kolleegen – duerch méi héig Steieren natierlech!

Wéinst sengem economeschen Horrorcharakter, sollen Leit ënner 14 Joer dëse Film nëmmen ënner elterlecher Opsiicht kucken.

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert