„Making Luxembourg“ am Luxemburger Wort

Eis Ländchen ass jo net grad grouss an dofir sinn verschidden Strukturen wonnerbar transparent – och ouni extra Gesetzer. Sou wësse mir zum Beispill dat an der Initiativ „Making Luxembourg“ vun der ASTI och d’Caritas an d’Luxemburger Wort engagéiert sinn.

An der Caritas („Conseil de Gouvernance Caritas Luxembourg“ an  am „Conseil d’Administration Fondation Caritas Luxembourg“) setzt all Kéiers e gewëssen Här Erny Gillen.  An am „Luxemburger Wort“ – eng Gottseidank all Dag méi kleng CSV-Propagandazeitung déi besonnesch – mee natierlech nët nëmmen –  an Wahlkampfzäiten litt wéi gedréckt an dréckt wat se litt –  heescht de President vum Verwaltungsrot och Erny Gillen. An an der Fondatioun „elisabeth“ heescht de President vum Verwaltungsrot iwwregens zoufälleg  och Erny Gillen. Där muss et der am Land awer wierklech vill ginn!

„Making Luxembourg“ setzt sech an fir „Solidaritéit amplaz Rassismus“. “ Au lieu de chercher ce qui pourrait nous opposer, nous cherchons ce qui nous unit dans la construction économique, culturelle, sociale et politique du Luxembourg.“ Wéi schéin!!

E Beispill vu kultureller Gemeinsamkeet a solidareschem  Opbau vu Lëtzebuerg am authentesche Geescht vu „Making Luxembourg“ liwwert lo d’Luxemburger Wort. No Artikelen am „Lëtzebuerger Land“ an am „paperJam“ vum 31.05  wàr den nei ernannten Interims-Finanzdirekter vum Wort, den Här Jean-Luc K., no dräi Woche schonn nees gaange ginn well ën Moslem  an  Vize-President vun der Shoura ass. Den Här K.  huet sech diskret an mat Stil zréck gezunn an ass lo nees duerch säi Viirgänger ersat ginn.

„Déi konservativ Säit“ felicitéiert dem „Luxemburger Wort“ besonnesch häerzlech fir dëss beandrockend an iwwerzeegend Demonstratioun vun Toleranz,  reliséisem Mateneen an virbildlecher Eierlechkeet wéi se an CSV-Kreeser jo och bekanntlech üblech ass. Besonnecht Luef verdéngt den Här Erny Gillen – (den aus dem Wort an net ieren een vun denen aus der Caritas oder elisabeth)  – dem seng Personalpolitik duerch politesch Korrektheet nëmme sou glousst a fénckelt wéi een vum Här Juncker senge schéinste Gielercher.

Normalerweis bréngt d’Wort een oder zwee Deeg virun all Wahlen e groussen Artikel dat d’ADR eng intolerant an rietsextrem Partei wär. Ech geng dem Här Erny Gillen dach recommandéieren déi Kéier op sou Artikelen ze verzichten. Wéi soen mir Luxembourgmaker dach ëmmer: „Wer in der Glasmoschee sitzt, soll nicht mit Steinen werfen!“ Inch Allah!

Dieser Beitrag wurde unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik, Relioun veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert