D’Sproochen an der Schoul: eng Diskussioun op Chamber TV

Den 3. Juni huet Chamber TV eng Diskussioun mat de Sozialisten, denen Gréngen, der ADR an der ASTI iwwer den Enseignement vun de Sproochen an de Schoulen bruecht.
Ech wëll net ze vill iwwer déi Debatt soen, well ech selwer drunn deelgeholl hunn. Do soll jiddereen sech eng eege Meenung maachen.
Just zwou prinzipiell Feststellungen:
1. an där ganzer Schouldiskussioun ass d’ADR déi eenzeg Partei, déi probéiert de Niveau vun eise Schoulen méiglechst héig ze haalen. All déi aaner Parteien sinn mam Nivellement vers le bas prinzipiell averstaanen. Si formuléieren dat zwar aanecht, mee Fakt ass Fakt!
2. Fir mech interessant wor et, dat déi aner Diskussiounspartner mol wéinstens prinzipiell net méi bestreiden, wat d’ADR schonn seit Joeren seet: nämlech d’Wichtegkeet vum Lëtzebuergeschen als Integratiounssprooch an d’Bedeitung vun enger richteger Integratiounspolitik. Dat wor fir mech vläicht dat Positivst un dëser Diskussioun, also de Rapprochement vun LSAP, Gréng an ASTI un déi klassesch ADR-Positiounen.

view video on chd.lu 

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik, Sproochen veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert