Finanzplaz : eng Erënnerung un d’CSV-Kapitulatioun vu Feira

Eigentlech ass den Titel net zu 100%  richteg : am Joer 2000 hate mir eng CSV-DP Regierung, an et ass ëmmer gutt dorunner ze erënneren, wann d’DP sech haut als grousse Verdeedeger vun der Finanzplaz wëll opspillen. Deemools wou si nach selwer mat an der Regierung wor huet si grouss Feeldecisiounen vun der CSV matgedroen.  Trotzdem : haaptverantwortlech fir d’Kapitulatioun vu Feira woren déi Hären Juncker a Frieden (allen zwee CSV).

Hei sinn gläich zwee besonnech interessant Artikeln aus der Schlusserklärung vu Feira :

« 42. Le Conseil européen approuve le rapport sur le paquet fiscal établi par le Conseil ECOFIN ( cf. annexe IV), les déclarations inscrites au procès-verbal du Conseil ainsi que l’accord dégagé sur les principes et orientations de ce paquet fiscal. Il approuve le calendrier convenu, qui prévoit un cheminement progressif vers l’échange d’informations en tant que fondement de l’imposition des revenus de l’épargne des non résidents. Le Conseil européen demande au Conseil ECOFIN de poursuivre avec détermination les travaux sur tous les volets du paquet fiscal de manière à ce que, dès que possible et au plus tard à la fin de 2002, un accord intégral puisse être dégagé sur l’adoption des directives et la mise en œuvre de l’ensemble du paquet fiscal.

C. Entrée de la Grèce dans la zone euro

43. Le Conseil européen félicite la Grèce pour les résultats qu’elle a obtenus ces dernières années en matière de convergence grâce à une politique économique et financière saine et il se réjouit de la décision concernant l’entrée de la Grèce dans la zone euro le 1er janvier 2001, ce qui constituera une nouvelle étape positive du processus d’intégration monétaire de l’Union. »

An hei ass dee ganzen Text :

http://www.consilium.europa.eu/ueDocs/cms_Data/docs/pressData/fr/ec/00200-r1.f0.htm

Den Här Luc Frieden wor zënter 1999 « Ministre du trésor et du Budget ». Déi Decisiounen vum ECOFIN  (Ministerrot fir Economie a Finanzen) op déi sech am Artikel 42 bezunn gëtt, huet hien also mat gedroen an mat ze veräntwerten.

Am Joer 2003 koum et dann zu enger Directive an där ganz kloer wor, dat d’Retenue à la source (Withholding tax) just geng fir eng Iwwergangsperiod gëllen. Dat steet kloer am Kapitel III (Iwwergangsbestëmmungen) vun dëser Directive :

http://eur-lex.europa.eu/LexUriServ/LexUriServ.do?ri=CELEX:32003L0048:EN:HTML

Och dëss Directive wor also nach  ënner enger CSV-DP Regierung ausgehandelt ginn.

D’Regierung hat déi Directive zwar deemools nach probéiert als en Erfolleg ze verkafen, mee de facto wor Feira schonn e riisegen diplomatesche Feler. Déi Directive vun 2003 wor an där selwechter Logik. Déi Hären Juncker a Frieden hunn eist Land, zësummen mat der Belsch an mat Eisterräich an eng onbequem Situatioun eran manövréiert. Ech hunn absolut näicht dogéint, dat Lëtzebuerg op iergend engem Punkt isoléiert ass, mee nëmmen dann wann et eisen Interessien déngt. An dësem Fall hunn mir awer mëttelfristeg nëmme nach kënne verléieren. En onverzeilechen Juncker-Feler! Et kann een iwwer d’Uersaachen vun sou Kapitulatiounen nëmme spekuléieren, mee egal bei wéi engem Erklärungsversuch kommen déi Hären Juncker a Frieden ganz schlecht wech.

Een vun denen ville strukturellen Problemer an der lëtzebuerger Baussepolitik, deemools nach ënner der Verantwortung vun der Madame Lydie Polfer (DP), ass dat eis bilateral Relatiounen mat dem angelsächsechen Raum, a besonnech mam Vereenegte Kinnekräich chronesch ënnerentwéckelt sinn. Dat huet sech ënner dem Här Asselborn net geännert. Dat Lëtzebuerg vum Här Juncker orientéiert sech baussepolitesch virun allem um Dräieck Däitschland-Frankräich-Europäech Kommissioun an dat geet bei wäitem net duer, fir all d’Interessien vun eisem Land ëmfaassend ze verdeedegen.

Besonnech – mee bei wäiten net nëmmen – an der Finanzpolitik musse mir eng privilegiéiert Relatioun mat London opbauen. London a Lëtzebuerg gehéieren zu denen weltgréissten Finanzplatzen an déi Manktum u Kontakt tëschent de verantwortleche Ministeren kann nëmmen zum Nodeel vu Lëtzebuerg sinn.

Iwwer den Artikel 43 vu Feira iwwer déi « gesond » griichesch Finanz- a Wirtschaftspolitik ass net méi ganz vill ze soen. Do wees an der Tëschenzäit jiddereen Bescheed. Fakt ass awer : den Här Juncker huet och dat Feeluerteel mat ze veräntwerten.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Europa an d'Welt, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert