Allez Jang! Allez Lili!

Op der Neijoersreceptioun vun der ADR de 17. Januar um Cents huet de Nationalpresident a.i., Roby Mehlen, d’Kandidaten fir d’Posten vum Nationalpresident a vum Generalsekretär vun der Partei virgestallt. Si stellen sech am März um Nationalkongress  der Wahl.

Fir de Posten vum Parteipresident kandidéiert den Dr. Jean Schoos. No brillanten Studien ass hien Véihdokter ginn. Hien huet eng eegen  Déiereklinik zu Berdorf an ass gläichzäiteg och de President vun de Lëtzebuerger Véihdokteren. Doriwwer raus ass hien och am Rettungswiesen ganz staark engagéiert.

D’Liliana Miranda gëtt vum Nationalkomittee als nei Generalsekretärin virgeschloen. Si ass eng fréier Journalistin an huet exzellent  Studien zu Lëtzebuerg an op der Sorbonne zu Paräis an de Fächer Franséich a Latäin  gemaach. Am Abléck studéiert d’Madame Miranda nach Luxemburgistik zu Lëtzebuerg an ass gläichzäiteg ADR-Fraktiounssekretärin.

Mat hinnen an de véier Vize-Presidenten Marceline Goergen, Carlo Kirsch, Roy Reding a Michele Retter hätt d’Partei eng ganz sympathesch, jonk an ausseruerdentlech  kompetent Equipe un hirer Spëtzt.  D’Marceline Goergen ass Conseiller am Stater Gemengerot, de Carlo Kirsch ass Pilot, de Roy Reding Affekot an d’Michèle Retter ass Staatsbeamtin.

Hinnen all wënschen ech vill Gléck an dee verdéngten Erfolleg!

Dat lo nach relativ nei Leit an der Politik d’Féierung vun der Partei iwwerhuelen ass en Zeechen dat d’Partei keng Angscht virun der personneller Erneierung huet. Och ass et e flotten Zoufall, dat d’Madame Miranda Portugisin ass (an lo och Lëtzebuergerin gëtt). Wéi dacks gouf der ADR reprochéiert auslännerfeindlech ze sinn! Am Abléck ass si awer déi eenzeg Partei déi eng Auslännerin an enger vun hiren héchsten Féierungspositiounen wëll gesinn. Ech hoffen, dat verschidde Leit och doduerch mol hir Viruerteeler géintiwwer der ADR kritesch iwwerpréiwen. 

 

 

 

 

 

Dieser Beitrag wurde unter ADR, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu Allez Jang! Allez Lili!

  1. Villmools Merci, Här Deputéierten! A vill Spaass beim fläissege Bloggen 🙂

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert