Kierchtuermpolitik

Am « Forum » vum Januar 2013 (op de Säiten 26 an 27) ass en Interview mam Stater Buergermeeschter Xavier Bettel iwwer d’Kiirchefabriken. An dem Interview gëtt den Här Bettel och gefroot :

« …Würden Sie den Bau neuer religiöser Bauten  unterstützen ? »

An den Här Bettel äntwert :

«In Zukunft möchte ich in Luxemburg prinzipiell keine ostentativ religiösen Gebäude. Sollte morgen eine neue Kirche gebaut werden, dann bitte ohne Kirchturm. Wenn morgen eine Moschee gebaut wird, dann ohne Minarett. Religion sollte mit nichts imponieren. Um sich als Gemeinschaft zu treffen, reicht ein Versammlungssaal. Die Moschee in Bonneweg besteht und funktioniert seit Jahren, auch ohne Minarett. » 

Et ass wuel unzehuelen, datt den Här Bettel mengt, op dëss Manéier de Problem vun de Minaretten zu Lëtzebuerg geléist ze hunn. Fir dat een e gutt Argument géint Minaretten huet, geet et duer fir an Zukunft och d’Kierchtierm ze verbidden. D’Relioun gëtt domatt architektonesch – mä wuel net nëmmen op déi Manéier – « kleng » gemaach. Si soll mat « näicht imponéieren ». Sou einfach kann een et sech maachen, mä sou einfach ass et net.

Et gëtt iwwregens e wichtegen Ennerscheed tëschent enger chrëschtlecher Kierch an enger Moschee : an enger Kiirch ass d’Realpräsenz vu Gott ugeholl, eng Moschee ass wierklech e Versammlungsraum – e Gebietshaus. Den Ennerscheed misst den Här Bettel, den jo bei all Gëleeënheet gär an Erënnerung rifft, dat hien een Semester orthodox Kiircherecht studéiert huet, eigentlech kennen.

Ech wéisst och net, dat de Kierchtuerm do wär fir ze « imponéieren ». Mech erënnert den Ubléck vum engem Kierchtuurm ëmmer dorun, dat et an eisem Liewen nach aner Froë gëtt, an zwar vill méi fundamentaler wéi zum Beispill den Tram duerch d’Stad oder dee nächsten DP-Kongress. Dat « ostentativt » um reliésen Bau ass eng Mahnung un de Mënsch. Fir vill Leit ass dat vläicht en Iergernis, fir mech ass sou eng Erënnerung un dat ganz Aanert an dat vill méi Wichtegt awer wëllkomm.

Och dowéinst ass fir mech dem Här Bettel seng reliéis-architektonesch Radikal-Léisung net akzeptabel. An zwar well ech op kee Fall wëll, dat eng Kierch an Zukunft soll missen op e Kierchtuerm verzichten an domat op e Bauelement  dat si siichtbar mecht an gläichzäiteg och op déi Plaz wou  d’Klacken hiert normalt Doheem hunn. Vläicht stëmmt et jo, dat déi gréng Parteispriecherin am Stater Gemengerot vu « nuisances sonores » geschwat huet, wou d’Ried op d’Kiircheglacke koumen. An dem Fall, huet déi betreffend Damm nes e wonnerbart Zeechnes vun där notorescher Intoleranz vun denen grénge Genossen geliwwert.

Nä, ech wëll dat eis Gesellschaft sech weiderhinn kann visibel an « ostentativ » zu hire jüdesch-chrëschtleche Wuerzelen bekennen. Ech wëll keng Kierchen ouni Tierm.

Mä wéi ass et dann mat de Minaretten?  Fir t’éicht soll mol festgehale sinn, datt déi fräi Reliounsausübung fir d’Muslimen zu Lëtzebuerg muss garantéiert sinn. Reliounsfräiheet  gehéiert zu de Mënscherechter an ass och hei am Land e verfassungsméissegt Recht. Et kann net sinn, dat a Westeuropa mat reliéise Minoritéiten sou verfuer gëtt, wéi et leider a ville muslimesche Länner de Fall ass.

Dat dat och a Moscheeën ouni Minaretter geet, ass jo alléng schonn duerch déi aktuell Praxis hei am Land bewisen. Dorop huet den Här Bettel jo explizit higewisen. An sou wéi dat an aneren europäesche  Länner a Géigenden schonn diskutéiert gouf,  zum Beispill an der Schwäiz,  denken ech och dat Minaretten net an déi lëtzebuergesch Architekturlandschaft  oder an d’Bild vun eisen iwwer Joerhonnerten gewuessenen Stied an Dierfer erapassen. Meng Positioun ass also e Jo zu Moscheeën, mä e Nä zu Minaretten.

Dat huet allerdéngs net nëmmen mat architektoneschen Argumenter a Landschaftsbiller ze dinn. Ech si mir bewosst, dat den Islam Waerter vermëttelt, déi net meng sinn an och net déi vun eiser Gesellschaft, wéinstens net bis elo. Ugefaangen bei der Polygamie, bei der Scharia a beim Verhältnis vum Islam zu de Chrëschten a Juden an zu denen aneren Reliounen oder och denen Netgleewegen. Déi Leit vun der AHA et consorts sollten sech iwwregens mol informéieren, wat am Islam iwwer den Emgank mat hiresgläichen recommandéiert gëtt.

De Bau vu Moscheeën därf net zu enger architektonescher Demonstratioun op en Usproch ginn, den ech net well an eisem Land akzeptéieren. Dat « Anert » wat do vermëttelt gëtt ass net eng Relioun vun der Léift wéi d’Chrëschtentum, mä e Glaawenssystem mat staarke politesche Komponenten déi eiser Gesellschaftsuerdnung oppe widderspriechen. Et ass nämlech net sou, wéi den Här Bettel et a  senger einfacher Léisung ënnerstellt, dat d’Reliounen  all d’sëlwecht wären. A mengen An kënnen a sollen si och dowéinst net all d’sëlwecht behandelt ginn. Ech refüséieren zum Beispill och e Verbued vun der Blutttransfusioun bei enger bestëmmter Sekt. Genee sou refüséieren ech d’Scharia, eng Scheedung iwwer Repudiatioun per SMS oder d’Polygamie.

Den Islam gëtt zu enger ëmmer méi grousser Erausfuerderung fir eis Gesellschaft. Eng « Moderniséierung » vum Islam gëtt iwwregens vu villen Islamwëssenschaftler gefuerdert, och a virun allem vu gleewegen Muslimen. Mä bis dohin ass et nach e ganz wäide Wee.

Dat mir also sollten op Kierchtierm verzichten fir keng Minaretten missen ze erlaben ass wuel net d’Léisung vun denen Problemer déi op eis Gesellschaft duerkommen. Vläicht awer wär et eng Léisung fir vill Problemer an eiser Gesellschaft wa mir nes méi Kierchtierm hätten.

 

 

Dieser Beitrag wurde unter Lëtzebuerg, Relioun veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert