Och d’CSV ass fir d’Auslännerwahlrecht!

Déi Diskussioun déi an dene leschten Deeg iwwer d’Auslännerwalrecht geféiert gëtt ass, an engem grousse Mooss onrealistesch.Vill Leit mengen, dat wär nach opzehalen oder sou eppes kéint dach einfach net kommen.

Ech perséinlech gehéieren och zu denen Verzweifelten. Zënter Joren gesinn ech wéi mäi Land Stéck fir Stéck demontéiert gëtt. Der EU gi mir ëmmer méi Rechter oder si hëllt se sech einfach, mir schwächen eis national Identitéit an eis Monarchie, mir verschëlden eis op eng onverantwortlech Manéier a féieren een onethescht Gesetz nom aneren an – dat alles mat riisege politeschen Majoritéiten an ënnert der Regie vun der CSV.

Dat nächst wat lo kënnt ass d’Wahlrecht fir d’Auslänner bei de Chamberwahlen. RTL hat eng Emfro bei de politesche Parteien gemaach ob si dann lo fir oder géint d’Wahlrecht fir d’Auslänner sinn. Si hunn dono behaapt, just d’CSV an d’ADR wären dogéint an all déi aner dofir, mä dat ass alt nees eng Kéier eng RTL-Falschinformatioun. A Wierklechkeet ass och d’CSV fir d’Auslännerwahlrecht.

An hirem Communiqué op www.csv.lu « Nicht aus der Hüfte schiessen/Ne pas brûler les étapes », seet d’CSV u sech just dat si och dofir ass, si dréint dat Ganzt just eng Grëtz méi virsiichteg wéi anerer… D’CSV seet :

« Einer Diskussion über das Ausländerwahlrecht werden wir uns deshalb nicht verschliessen. Im Gegenteil. Diese Diskussion muss geführt werden.    

(…) 

Es geht also wirklich darum die zu führende Debatte gut vorzubereiten. Da das Wahlrecht ein wesentlicher Bestandteil der nationalen Souveränität ist, gilt es vor allem auch die Luxemburger mit an Bord zu nehmen.

Hauruckverfahren eignen sich nicht für grosse, zukunftsweisende Politik. Deshalb sollte man jetzt nicht aus der Hüfte schiessen, und das Wahlrecht für Ausländer auf ein einfaches Ja oder Nein reduzieren ».

Aanecht ausgedréckt, fir d’CSV ass dat do « grosse, zukunftsweisende Politik » an et geet just drëm wéi d’Lëtzebuerger alt nees kënnen ageschléifert ginn fir dat se dat do och nach schlécken. Wahrscheinlech gëtt einfach nes massiv Propaganda géint déi « rassisstesch » a « xenophob » ADR gemaach, fir dat och wierklech all Lëtzebuerger versteet, dat wann ë net fir d’Auslännerwahlrecht ass, dann ass ën automatesch e Rassist an scho bal e Verbriecher.

Der CSV an denen aneren geet et ëm Auslännerstëmmen, ëm en Opléisen vu Lëtzebuerg an engem groussen, europäesche Federalstat, an accessoirement och nach dorëm d’Gewiicht vun der Fonction Publique hei am Land ze briechen.

Der ADR geet et ëm eist Land, eis Identitéit an eis Souveränitéit an engem Europa vun de Natiounen. D’ADR ass géint d’Auslännerwahlrecht bei de Chamberwahlen.

D’Leit hunn eng kloer Wiel.

 

 

Dieser Beitrag wurde unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu Och d’CSV ass fir d’Auslännerwahlrecht!

  1. Arthur Feyder sagt:

    D’Bëgreffer Rassismus a Xenophie sinn esou verwässert a banaliséiert ginn, datt se am allgemenge Sprochgebrauch bal alles, awer net dat Eigentlecht bezeechnen. Vill Leit loosse sech net méi duerch esou Bemierkunge beandrocken, au contraire, si considéréieren se, je no Kontext, als e Kompliment.

    D’CSV, d’LSAP an d’DP hunn iwwregens keng Qualitéit, engem Rassismus asw ze reprochéieren, well grad sie als Regierungsparteien nawell ganz gutt mat dem Apartheid-Südafrika gefuer sinn, sief et diplomatesch, wirtschaftlech asw. La guerre froide, le commerce, le fric et la sidérurgie obligeaient.

    Ufanks der 1990er Joeren, nom Opléise vum Warschauer Pakt an der Explosioun vun der UDSSR, wore se ebeemol, wéi all déi aner liberal-demokratesch Länner, nët méi mat der RSA zefridden an hu boykottéiert(sic).

    Zum Walrecht: D’CSV weess genee, datt se et wëll, mä elo gëtt dat emol ageniwwelt a schmackhaft gemeet. Den Här CSV-Chamberpräsident enjoignéiert de Parteien, virun de Walen vun 2014 hir Posisioun zum Walrecht ze dévoiléieren. De quel droit ? Soll d’nei Chamber vun 2014 iren eng camoufléiert Constituante ginn?

    Awer da kréie mer als Zockerféngerchen e Referendum , an do wärt déi staatlech d’Propagandamaschin voll opgedréit ginn, fir d’Leit gefügeg ze maachen, oder besser gesot, fir se ze conditionnéieren an ze verdommenn.

    Mä dëse Match ass nach net gespillt.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert