Eng manipuléiert Meenungsëmfro!

Enn Januar huet TNS-ILRES eng Meenungsëmfro publizéiert an där behaapt gëtt « 2/3 des résidents sont ouverts à l’idée d’octroyer le droit de vote aux étrangers – mais les luxembourgeois font de la résistance ».

Ech war schonn an engem Artikel drop agaaangen, dat den Direkter vun dem Meenungsfuerschungsinstitut well selwer mengt, misse politesch Propositiounen ze maachen. Ech fannen et och interessant, dat hei de Lëtzebuerger virgehäit gëtt « Resistenz » ze maachen. Dat haate mir schonn eemol, an et ass eng Resistenz op déi mir besonnesch houfreg därfe sinn!

Mä et ass dowärt déi Emfro ze kommentéieren. De Sondage heescht « OUR VISION sur l’avenir du Luxembourg ». Op där éichter Säit ass eng Reklamm fir eng Konferenz « Quel droit de vote pour les étrangers au Luxembourg ? »  déi vun der Chambre de Commerce, der Chambre des Métiers, a vun der ASTI organiséiert gëtt. Allen dräi Organisatiounen hunn ëffentlech gesot dat si d’Walrecht fir d’Auslänner  wëllen an allen dräi hu betount dat et hinnen dobäi och geng drëm goen fir d’Fonction Publique hei am Land ze schwächen.

Ech huelen mol un, dat déi selwecht Organisatiounen och dëse Sondage an Optrag ginn a bezuelt hunn.

Et gëtt an eise Sproochen sou wonnerschéin Sprachwierder wéi zum Beispill: « He who pays the piper calls the tune », an op däitsch : « Wes Brot ich ess, das Lied ich sing ».

Abee, hei wäert dat och sou gewiecht sinn. Beim Kapitel  « Participation politique: octroi du droit de vote aux étrangers » haten d’Leit nämlech keng oppe Wiel, keng Méiglechkeet fir « Jo » oder « Neen » ze soen, mä just dräi Méiglechkeeten fir « Jo » zum Auslännerwalrecht ze soen. Hei ass d’Fro :

« a. Le corps électoral pour les élections législatives n’est pas représentatif de la population du Luxembourg les étrangers doivent avoir le droit de vote aux élections législatives (pour la Chambre des députés) au bout d’une certaine durée de résidence 

c. Impliquer davantage les étrangers en leur ouvrant le droit de vote pour les élections législatives permet de mieux relever les défis futurs du pays

b. Ouvrir le droit de vote aux étrangers pour les élections législatives permet de renforcer la cohésion de la société luxembourgeoise »

Dat do huet mat enger Emfro näicht méi ze dinn,  dat ass pur Manipulatioun!

Schummt Iech, Chambre de Commerce, ASTI, Chambre des Métiers an TNS-ILRES !!!

 

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

2 Kommentare zu Eng manipuléiert Meenungsëmfro!

  1. Arthur Feyder sagt:

    Zu “ a. Le corps électoral …….n’est pas représentatif de la population…. „.

    Dëse semantesche Kopplabunz ass, quant au fond, absolut irrelevant, donc nul, well de corps électoral d’Natioun, net Populatioun, repräsentéiere muss. Dat ass rudimentären Droit Constitutionnel, deen, pour cause, de Sondeuren an hire Commanditairen „échappéiert“.

    Quant aux „résultats“ du sondage, en déboute pour ne pas être ni pertinents, ni concluants.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert