SREL: Här Fränz Bausch,

lo grad héieren ech, datt Dir um  Facebook frot ech soll mäi Mandat nidderleeën, well ech fréier Geheimagent wor. Ech gleewen Iech gär, datt et denen Gréngen net passt, dat et nach Leit gëtt, déi fir dësst Land hire Kapp dohin halen. Patriotismus bei denen Gréngen ass jo keng Dugend, mee e Verbriechen. Ech gesinn dat awer ganz aanecht: iwwerdeems déi Gréng de Kommunisten hir nëtzlech Idioten waren an mat hiren zum Deel vu Moskau ferngesteierten Friddensbewegungen alles gemaach hunn, fir déi westlech Verdeedegung am Kaale Krich ze ënnergruewen, hunn d’Arméi an de SREL hiert Bescht gemaach fir dat dee fräie Westen och soll fräi bleiwen.

Den Här Bausch schreiwt, dat ech Leit „getäuscht“ hätt. Natierlech hunn ech dat gemaach! Ech hunn als Duebelagent seng politesch Frënn getäuscht, déi sowjetesch Geheimagenten, déi eis Sëcherheet an eis Fräiheet wollten sabotéieren. Dat den Här Bausch doriwwer rosen ass, dat kann ech verstoen. 

An dat ech an der Enquêtekommissioun op d’Noutwendegkeet vun der Diskretioun opmierksam gemaach hunn, ass jo wuel och kloer. Aus eegener Erfahrung wees ech, dat d’Aarbecht vun engem Geheimagent näicht Gemittleches ass. De Staat muss d’Liewen vun sengen Agenten schützen. An dat kann een nëmmen  wann een  – wéinst enger Rei vun ondiskreten Patréiner – wuel eng politesch Transparenz iwwer de Geheimdéngscht erméiglecht  awer keng Detailer vun Operatiounen a virun allem keng Identitéit vun Agenten matdeelt. Ech wees net wat de GRU mat mir gemaach hätt, wann e gewosst hätt, dat ech Duebelagent wor. Ech kann mer et awer denken.   

Ech sinn jiddefalls houfreg dropp als Offizéier an der Arméi an als Geheimagent am SREL gedéngt ze hunn. Dat wor eng patriotesch Flicht an ech hunn se erfëllt. Fir Fräiheet muss een kämpfen an och grouss Risiken huelen. An déi Risiken hunn ech geholl fir dat sou Leit wéi den Här Bausch kënnen  iwwer sou Leit wéi mech hiirfalen.

Bei denen Gréngen kennen ech keen, den jeemools eppes fir d’Sëcherheet vun onser Heemecht  gemaach hätt – ganz am Géigendeel!   Déi Gréng kommen aus der Ligue Communiste Révolutionnaire, aus dem MLF an aneren lénksradikalen Gruppéierungen. Hire Fraktiounschef am Europaparlament ass e Pädophilen.

Haut feieren déi Gréng hiren 30. Gebuertsdag. Eng gutt Geleeënheet fir sech endlech opzeléisen.

Fernand Kartheiser

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

3 Kommentare zu SREL: Här Fränz Bausch,

  1. Blue sagt:

    BRAVO! an Hut oof fir dat wat dir fier d’Land gemaat hut.
    Déi Leit déi en Récktret froen beweise just dat si vun der Réaliteit vum internationale Parquet NULL Ahnung hun.

  2. Marcus sagt:

    Schein dass een och eng Konservativ Stemm heiert.
    Ech kommen secher mei oft lanscht.

    Mfg

  3. Jean sagt:

    Ech schléisse mech dem Blue an dem Marcus ganz un! De Blue huet absolut Recht, wat déi Leit ugeet, déi „NULL Ahnung hun“! Ee vun deenen ass den Här P.Steinwachs vum Journal a sengem „Opgepikt“ an a sengem Editorial vum 13.6.! Ech kann nëmme soen: näischt verstanen! Et ass esou einfach a bëlleg, fir iwwert anerer hirzefalen, déi wiirklech eppes fir hiirt Land leeschten, an dat mécht den Här Kartheiser, ob et als Offizéier oder Diplomat wor oder elo als Deputéierten ass! Den Här Steinwachs, dee jo dëse Blog liest, ka frou sin, datt et esou Leit gin, déi sech fir hiirt Land asetzen, soss keent hien emol guer keng topech Commentare schreiwen, wie hie grad Loscht huet! Et ass ebe méi einfach, fir aneren hir Leeschtung ze zerstéieren ewéi fir selwer eppes ze leeschten! Sollt do een neidesch sin?… Iwwregens ass dem Här St. seng Haltung v-à-v vun den „Hommen“ hypocritesch, well géint d'“Femen“ huet hien natiirlech näischt. Mee wann hie schreift, datt hien an esou enger Welt, wou Männer sech plakeg maachen (dobei ass dat nëmmen uewen), net liewe wëllt, da verdéngt hien Dankbarkeet, well sech doraus d’Conclusioun zéie léisst, datt hien der Welt säin Ubléck erspuert!

Schreibe einen Kommentar zu Marcus Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert