Gréng Glaafwierdegkeet (2): d’Klimaligen.

Mir kennen all déi alarmistesch Theorien mat denen déi Gréng operéieren wann et ëm déi sougenanntenen „Global warming“ geet. Déi Gréng verbreeden net ieren wëssenschaftlech Fuerschungsresultater mee si probéieren bewosst Panik duerch falsch Informatiounen  ze verbreeden. Op déi Manéier fänken si Stëmmen vun denen guttgleewegen an besuergten Leit déi de Feler maachen, denen Gréngen iergend ëppes ze gleewen.

A Wierklechkeet gëtt et zanter 16 Joer keng Ophëtzung méi vun der Aerd, eng Tatsaach déi natierlech net bekannt gemaach gëtt, well se enorm politesch Konsequenzen huet. Dat mannst wat een muss wëssenschaftlech soen, ass dat eng méiglech Erwärmung vun der Aerd vill, vill méi lues geschitt wéi vun denen Gréngen behaapt.  Déi bis elo benotzten Computermodeller fir Klimapredictiounen geroden ëmmer méi an d’Kritik.

http://www.dailymail.co.uk/sciencetech/article-2217286/Global-warming-stopped-16-years-ago-reveals-Met-Office-report-quietly-released–chart-prove-it.html

Am Juni 2013 leeft alt nees eng „Klimakonferenz“ zu Bonn, am Kader vun der Viirbereedung vun Cancun:

ttp://www.klima-sucht-schutz.de/service/beitrag/article/neuer-anlauf-klimakonferenz-in-bonn.html

Interessanterweis wëssen eng ganz Rei vun denen  „Klimaexpteren“ oder besser gesot Klimaaktivisten déi dorun deelhuelen dacks och mol net dat zënter 16 Joer keng Ophëtzung vun der Aerd méi gemooss gouf. An denen gréngen Milieuën gëllt d’Ideologie eben méi wéi d’Wëssenschaft.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, De Mënsch a seng Ëmwelt, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert