Stoppt d’Genderideologie vun denen Gréngen a Lénken!

Op dësem Blog gouf och schonn e puer mol d’Genderideologie kritiséiert, déi virun allem vun dene Lénken an denen Gréngen virun gedriwwe gëtt.  Déi Lobbyen hannendrunn sinn dacks Homo- a Lesbeverbänn mee virun allem och déi extrem lénk Ideologien déi lo schonn bal zënter 130 Joer déi traditionnell Famill wëllen zerstéieren. Leider hunn si hir Zil lo sou gutt wéi erreecht, an dat mat der Komplizitéit vun der CSV déi all hir Iwwerzeegungen vu fréier verleegent a verroden huet, fir ze probéieren och nach um lénke Bord e puer Stëmmen ze fänken.

Besonnech déi Gréng kommen jo zu engem groussen Deel och aus dem MLF, enger militant männerfeindlecher Lesbebewegung, déi vun Ufank un ënner anerem och e Recht op d’Ermuerdung vun  ongebuerene Kanner gefuerdert huet.

Fir Leit déi wëlle gesinn, wéi eng Kategorie vu Leit a wéi eng Qualitéit vun Argumenter haut eis Gesellschaft regéieren ass hei e Beispill aus der Stad Hamburg. Et ass natierlech keen aus denen traditionnellen Parteien den de Courage huet mat denen lénksradikalen Fraen ze diskutéieren an zum Beispill d’Famill ze verdeedegen.

Ech soen dogéint: Schluss mat der Kapitulatiounsmentalitéit!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert