„Eng onbequem Wouerecht“ fir déi Gréng: dem Al Gore säi Film ass voll Feler!

Am Joer 2007 huet den Här Al Gore d’Haltschent vum Friddensnobelpräis kritt, déi aaner Haltschent goung un den IPCC (International panel on Climate Change) vun der UNO.

http://en.wikipedia.org/wiki/Al_Gore

A ganz ville Schoulen, sëcher och hei am Land, hunn d’Schüler sech missen säi Film „Eng onbequem Wouerecht“ zum Thema Klimawandel ukucken.  Dee Film ass awer net wëssenschaftlech mee virun allem e politeschen Propagandafilm, wat d’Schüler awer  gewéinlech net gesot kréien. Dat hängt wahrscheinlech och domat zësummen, dat an de Schoulen ganz vill „gréng“ Pädagogen schaffen.

Am Vereenegte Kinnekräich ass e Papp dowéinst virun Geriicht gaangen an huet en Uerteel kritt, dat confirméiert dat dem Hàr Gore säi Film a ganz ville Punkten falsch ass.

Hei ass d’Uerteel:

http://www.bailii.org/cgi-bin/markup.cgi?doc=/ew/cases/EWHC/Admin/2007/2288.html&query=title+%28+dimmock+%29&method=boolean

an och nach e puer Zeitungsartikelen zu dem Thema:

http://newsbusters.org/blogs/noel-sheppard/2007/10/09/court-identifies-eleven-inaccuracies-al-gore-s-inconvenient-truth

http://www.time.com/time/world/article/0,8599,1670882,00.html

http://blog.world-mysteries.com/science/35-inconvenient-truths-the-errors-in-al-gore%E2%80%99s-movie/

Et wär ze hoffen, dat an eise Schoulen an Zukunft op sou Propagandamaterial ganz verzicht gëtt. Jiddefalls wär et e Minimum fir dene jonke Leit éierlech ze soen, dat et sech beim Här Gore sengem Propagandaprodukt net ëm e wëssenschaftleche Film handelt!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, De Mënsch a seng Ëmwelt, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert