Hommen – eng nei Initiativ an Frankräich!

Nodeems déi franséich sozialistesch Regierung e Gesetz fir d’Diskriminéierung vun de Kanner duerch homosexuell Koppelen gestëmmt huet, koum et zur Grënnung  vun enger Männerinitiativ fir dogéint ze protestéieren.

http://hommen-officiel.tumblr.com/

En Ustouss fir d’Grënnung vun där Bewegung huet och déi Polizeigewalt ginn, déi géint friddlech Demonstranten vun der „manif pour tous“  zu Paräis agesat gouf. Och op dësem Blog gëtt et Biller vum Asaz vun Tréinegas géint vollkommen friddlech Manifestanten.

Hommen falen duerch eng Rei vu friddlechen a spektakulären Operatiounen op. Bis elo ass et menges Wëssens zu iwwerhaapt kenger Gewalt duerch Hommen komm.

Si froen op eng friddlech Manéier eng Debatt an e Referendum iwwer d’Homosexuelle-Bestietnis.

Derrière nos masques blancs se cache la majorité silencieuse qui sort de l’ombre, demandant pacifiquement mais avec détermination un débat serein et démocratique sur le mariage homosexuel, et un vote par referendum. Non à la violence!“

Trotzdem probéiert déi franséich sozialistesch Partei dee Grupp ze diskredeitéieren an hinnen hiert Recht op friddlech Demonstratiounen ofzeschwätzen. Hommen leescht awer nëmmen couragéierten, zivilen Widderstand géint eng Regierung Hollande déi elementar Mënscherechter verletzt. Dat franséicht Vollék huet dogéint massiv manifestéiert- leider ouni Erfolleg. Lo gëtt et eben nei Formen vum Widderstand.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Europa an d'Welt, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert