Himalaya on the rocks: d’Gletscheren bleiwe cool!

Beim IPCC (International Panel on Climate Change) sinn wéi bei denen Gréngen allgeméng eng ganz Rei vu Sicherungen duerchgebrannt.  Virun kuerzem haten si nach steif a fest behaapt dat d’Gletscheren am Himalaya bis 2035 wech geschmollt wären. De facto wor déi „Informatioun“ awer eng einfach Behaaptung aus engem  nët-wëssenschaftlechen Zeitungsartikel den einfach mol sou vum IPCC iwerholl a propagéiert gouf.

Natierlech gouf déi Behaaptung  staark kritiséiert an hannerfrot:

http://www.npr.org/2012/04/24/151206843/melt-or-grow-fate-of-himalayan-glaciers-unknown

Den IPCC gouf zu Recht bloussgestallt well en eng „schlampech Recherche“  (sloppy research) gemaach huet. Eigentlech huet en iwwerhaapt keng anstänneg Recherche zu dem Thema gemaach, oder wéi sot en éisterräichesche Wëssenschaftler an Gletscherspezialist sou schéin iwwer den IPCC-Rapport: „It is so wrong, it isn’t even worth discussing!“.

An hei nach eppes wat déi Gréng all Dag sollen dräimol kucken:

En Här vum IPCC seet kloer an däitlech: „The glacier issue is a blunder!!“ Cheers!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, De Mënsch a seng Ëmwelt, Europa an d'Welt, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert