„Green New Deal“ oder wéi mecht een de Leit Angscht a sech selwer domat räich?

Fir dëse klengen Artikel anzeféieren, sief fir t’éicht un zwee Begrëffer aus der amerikanescher Geschicht erënnert: den „New deal“ an den „militäresch-industriellen Komplex“.  Den gudden Image vum „New deal“ gëtt nämlech haut vun denen Gréngen mëssbraucht fir hir eegen Politik mat engem onmoraleschen Etiketteschwindel ze propagéieren.

Den Ausdrock „New Deal“ staamt aus der Zäit vum President Franklin D. Roosevelt.

An de 50er an an de 60er Joeren gouf et Warnungen virun dem „militäresch-industriellen Komplex“ an sengem potentiell  enormen Afloss op d’Politik. Net vergiess ass d’Ried vum President Dwight D. Eisenhower aus dem Joer 1961 zu dem Thema.

Haut muss een virun dem „gréng-economeschen Komplex“ warnen.  U sech beschreift dee Begrëff d’Tendenz vu villen Emweltaktivisten fir sech op d’Käschten vum gesamteconomeschen Interessi vun der Gesellschaft d’Täschen ze fëllen.

Dobäi muss een wëssen, dat déi gréng Economie desastréis Auswierkungen op d’Gesellschaft hätten, géif se dann ëmgesat.  Iwwer d’Konsequenzen vun der grénger Politik fir de Wuesstum, d’Steieren an d’Interessien vun der Finanzplaz stinn op dësem Blog schonn eng Rei vun Artikelen. Op d’Auswierkungen vun der „Energiewende“ muss och nach geschwat ginn.

Déi „gréng Aarbechtsplaazen“ (green Jobs) vun denen déi Gréng sou gär fantaséieren sinn  zu engem groussen Deel staatlech subventionnéiert Aarbechtsplaatzen, déi dozou féieren, dat rentabel Aarbechtsplazen a konkuréiërenden Berächer futti gemaach ginn.  Eng  onproduktiv „gréng“ Aarbechtsplaz zerstéiert de facto 2,2 rentabel Aarbechtsplazen. Eppes wat déi Gréng de Leit léiwer „vergiessen“ ze soen.

Déi gréng-economesche Komplex huet  perfid Methouden. Dauernd maachen déi Gréng  de Leit Angscht, mol mat enger neier Aiszäit, mol mat „global warming“, wéi et hinnen grad am beschte passt. Déi mannsten vun denen Sujeten stinn op iergend enger vernënfteger wëssenschaftlecher Basis. Déi ecologesch Sujeten déi vernënfteg sinn, ginn souwisou vun der ADR programmatesch a politesch behandelt. Dozou brauch et keng gréng Partei!

Gréng Politik huet awer nach ganz aner Ziler wéi den Emweltschutz.  Mat der Angscht déi si verbreeden, léisst sech nämlech wonnerbar Geld verdéngen.

Hei ass en interessanten Artikelen zum gréng -economeschen Komplex:

http://amconmag.com/articles/green-industrial-complex/

Als Beispill vun engem grénge Millionär gëtt dacks den Här Al Gore zitéiert. Mat enger vu senger Associatiounen mecht en grénge Lobbying – ouni Gewënnzweck  selbstverständlech – fir awer dann mat sengen ecologeschen Firmen ëmsou méi Geld ze verdengen. Haut ass hien ongeféier 200 Milliounen USD räich, an freet op d’mannst 175.000 Dollar fir een Viirtrag. Säi Verméien ass domat ongeféier sou grouss wéi dem Här Mitt Romney säint. Den Här Romney gouf awer wéinst séngem Verméien vun där ganzer lénker Szen verdäiwelt, den Här Gore „selbstverständlech“ net.

http://www.forbes.com/sites/larrybell/2013/05/21/the-greening-of-gores-bank-account/

http://mobile.bloomberg.com/news/2013-05-06/gore-is-romney-rich-with-200-million-after-bush-defeat.html

Eis Conclusioun ass: léiwer eng vernënfteg, éierlech, sozial an economesch responsabel – also eng echt konservativ – Wirtschaftspolitik wéi e „Green New deal“!

Dieser Beitrag wurde unter ADR, Allgemein, De Mënsch a seng Ëmwelt, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert