Ech vertrauen denen Hären Reuland a Stebens!

Et ass ëmmer einfach dat selwecht ze soen wéi all déi aner. Maach et wéi déi aner, da geet et der wéi denen aneren… Och an dësem Fall wär et also bequem an einfach bei der ëffentlecher Viirveruerteelung vun denen Hären Reuland a Stebens monter matzemaachen a soss de Bak ze halen.

Dat ass awer net mäi Charakter. Ech kennen déi zwee Hären perséinlech an ech halen si allenzwee fir grondanstänneg an éierlech. An dofir soen ech dat och hei, wëll et net soen wär en Akt vu Feigheet.

Ech hunn dem Procureur Biever säi Bréif vum 23. Januar 2008, den zu hirer Ofsetzung geféiert hat, de Moien nach eemol an Rou nogelies. Hei ass en:

http://www.codexnews.lu/codex/contents.nsf/WNPPrintArticles/1DBF1638EDB8CBB0C22573E1002A6FE5/$file/considerations_parquet.txt

Et gëtt an dësem Bréif ganz villes wat ech kann verstoen, mee et gëtt awer och eng Rei vun Ennerstellungen a Fuerderungen déi ech net kann novollzéien.  Wann ech als Polizeiminister sou e Bréif kritt hätt, wär ech mat Sëcherheet  zu anere Conclusiounen wéi den Här Frieden deemools komm. Déi deemoleg institutionell  Zësummeleeung um Regierungsniveau vun de Ressorten Polizei a Justiz huet d’Situatioun sëcher méi komplizéiert gemaach an si wor e politesche Feler den u sech de Premier Juncker ze verëntwerten huet.

Déi stënterlech Ofsëtzung vun zwee héigen Polizeioffizéier – an mengen An  – ouni Beweiser fir eng Schold op hirer Säit an jiddefalls ouni iergend en Uerteel an enger Geriichtsaffär,  huet d’Vertrauen an d’Police ënnergruewen an d’Beamterecht verletzt. Hei goufen einfach „no politeschem Gutdünken“ zwee héig Beamten ofgesat. Ech wëll prinzipiell der Regierung sou e Recht net ofschwätzen, awer nëmmen fir de Fall vu begrënnten, ganz schlëmmen, gutt dokumentéierten, novollzéibaren a rechtlech onzweifelhaften Uersaachen an Tatsaachen. Dat an dësem Fall zwee Offizéier soe si kéinten sech net un Saachen erënneren déi wäit zréck leien an un denen wahrscheinlech keen vun denen zwee direkt bedeelegt war, ass eppes wat kann hannerfroot ginn, awer e Grond fir eng Ofsetzung wor et an ass et menger Meenung no net.

Och de Minister Frieden hat Problemer mat där Decisioun, wéi et seng Aussoen virun der Chamberkommissioun vun der Justiz (7. Juni 2013) et weisen (den Här Reuland gëtt op de Säiten 2, 12, 14, 21, 26 a 27 ernimmt, den Här Stebens just op der Säit 12):

https://docs.google.com/viewer?url=http://download.rtl.lu/2013/06/11/25ab4d4d3e89b1cd0d4ad5d9901b802a.pdf&chrome=true

Den Här Frieden seet op der Säit 12 selwer, dat hien d’Regelen net applizéiert huet, an dat hien  zwee Offizéier opgrond vu Behaaptungen ofgesat huet „déi (hien) par ailleurs net konnt verifiéiren“. (…) „Dat heescht, mir hunn en ofgesat d’une certaine manière, ouni iergendeng gesetzlech Prozedur ze respektéiern„.

Ech hunn den Här Frieden an der Plénière vun der Chamber nach eemol op dee Rechtsbroch ugeschwat:

E Minister däerf d’Recht net briechen! Dat fannen ech eigentlech dat bis elo schlëmmsten an dat eenzegt onzweifelhaft dokumentéiert a bewisen Element an dëser Geschicht an ech consideréieren déi Hären Reuland a Stebens als Victimen.

Zum Fong vun hirem Rôle oder net-Rôle an der Affär Bommeleeër soen déi zwee Hären jo déi aner Woch virun dem Geriicht aus.

Nach ee Wuert iwwer d’Gesetz „Entrave à la Justice“. Et ass un der Chamber fir d’Gesetzer ze maachen an net um Procureur. D’Chamber kritt e Projet fir e Gesetz vun der Regierung, oder d’Deputéiert maache selwer hir Propositiounen. D’Justiz applizéiert an interpretéiert wuel d’Gesetzer, mä ech  halen op de Respekt virun der Gewaltentrennung och vun der Justiz aus.

Ech halen et fir vollkommen normal an et ass och déi üblech Praxis dat e Minister am Dialog mat héige Beamten a soss Experten ass fir e Projet de loi viirzebereeden.

Dat Gesetz selwer ass menger Meenung no an der Rei mat Ausnahm vun dem Saz den den Här Biever selwer proposéiert hat. Meng politesch Iwwerzeegung ass a bleiwt et, dat dee Saz muss aus dem Gesetz rausgeholl ginn. Déi Kritiken géint dat Gesetz koumen iwwregens vu ville Säiten  – onofhängeg vun eventuelle Kommentaren vun denen Hären Reuland a Stebens. D’Kritiken koumen och vu Juristen déi net an der Police schaffen  an vu Gewerkschaften an denen déi Hären Reuland a Stebens net Member sinn,  an déi all eechtlech a berechtegt Suergen ëm eise Rechtsstat hunn. Ech halen hir Bedenken fir begrënnt an ech wëll dowéinst dat eist Gesetz dem franséiche Gesetz ugepasst gëtt.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert