Zënter dat am RTL Verwaltungsrot gläich zwou Persounen aus der CSV sëtzen, publizéiert RTL och nach d’Fotoen vum CSV-Familljefest!
„Déi konservativ Säit“ felicitéiert RTL häerzlech fir dëss politesch absolut neutral, deontologesch perfekt Meeschterleeschtung!
Si wëll hire Lieser dëss wonnerschéin RTL- Propaganda fir d’CSV atierlech net viirenthalen. Vläicht entdeckt Dir jo eng Persoun op dëse Fotoen, där Dir bis elo näicht Béises zougetraut hätt!
htttp://news.rtl.lu/fotogalerien/renescho/20897/overview?back=/fotogalerien/renescho
Gläichzäiteg lancéiert „Déi konservativ Säit“ hire groussen Juni-Quiz: Wen ass den nächsten RTL-Journalist no der Madame Françoise Hetto an dem Här Félix Eischen den därf fir d’CSV an d’Regierung oder an d’Chamber goen?
Wéi een RTL-Journalist schafft am meeschten an am treisten fir d’CSV? Wéi een RTL-Journalist denigréiert d’ADR am systemateschsten?
Déi beschten Aentwerten ginn mat enger Invitatioun op dat nächst CSV-Familljefest, enger Plaz op enger CSV-Wahllëscht an enger DIN A4 Foto op RTL.lu belount!!!