Eldoradio: e klengen Effort wann-ech-gelift!

Vill jonk Leit kennen déi Radiostatioun „Eldoradio“:

http://www.ipl.lu/ipl_Eldoradio.24-2.html

Hir Emissioun „Eldo Casual“ déngt dozou denen meeschtens jonken Nolauschterer aner jonk Leit ze presentéieren, déi och eng gewësse Roll an der Gesellschaft spillen:

Intressant, aussergewéinlech an iergendwéi „hot“. Esou sinn d’Invitéeën am Eldo-Casual. All Freideg intresséiert d’News-Redaktioun sech fir eng Perséinlechkeet, freet no a këddelt den Invité och alt e bëssen. („Net schwéier, mee séier“ – Kuckt a lauschtert den Eldo-Casual.)“

Lo hunn mech awer e puer  frëndlech a besuergte Matbierger drop opmierksam gemaach, dat do zwar Politiker vun alle Parteien zu Wuert kommen, awer mat Ausnahm vun denen Gréngen an der ADR. Effektiv schéngt déi publizéiert Lëscht vun den Invitéën op Eldoradio déi Analys ze confirméieren:

http://news.eldo.lu/aktuell/eldo_casual/

Dobäi woren souguer schonn sou Gruftien wéi den Här Xavier Bettel an den Här Etienne Schneider invitéiert, déi laang net méi sou jonk sinn wéi se sech gär maachen. Si sinn allerdéngs nach – dat ginn ech gär zou –  bei denen méi Jonken am politeschen Altersheem.

Et wär vläicht net schlecht, wann Eldoradio géng op Zensur verzichten an och denen jonken Gréngen (déi ech guer net gär hunn) an der ADRenalin  (déi ech ganz vill gär hunn)  genee sou vill Plaz ginn wéi denen aneren Parteien och!

Dieser Beitrag wurde unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert