Homo-Bestietnis: Wéi geet et de Kanner?

Well déi Fro wéi et de Kanner bei enger homosexueller Koppel geet, d’Usprochsdenken an d’Fuerderungen vun den Homosexuellelobbyen op kee Fall därf a Gefor brengen, ass d’Desinformatioun an dem do Beräich natierlech besonnech grouss.

En éicht Argument ass, dat vun der Léift. An et besteet keen Zweifel drunn, dat och homosexuell Koppelen Kanner kënne gär hunn. Mä domat geet et eben nach laang net duer. Ech verweisen ausdrécklech op dëse Virtrag vum Kannerpsychiater  Professer Maurice Berger, Direkter vum Service Pédopsychiatrique vum CHU Saint-Etienne, den erklärt, dat Kanner vill méi brauchen wéi nëmmen d’Léift vun Erwuessenen. Si hunn och Froen zu hirer Ofstaamung a si brauchen Mann a Fra fir hir eegen Perséinlechkeet ze formen an hir eege sexuell Identitéit ze entwéckelen.

Gär ginn och vun den Homosexuellelobbyen Etüden zitéiert déi biaiséiert sinn: zum Beispill ginn dysfunktional heterosexuell Koppelen  zitéiert  (Alkohol, Gewalt, sexuelle Mëssbrauch) fir ze behaapten, dat Kanner an enger funktionaler homosexueller Koppel et jo awer bedeitend besser hätten wéi déi an enger dysfunktionaler, heterosexueller Koppel. Firwat net funktional heterosexuell Koppelen mat funktionalen homosexuellen Koppelen vergläichen, respektiv dysfunktionaler op denen zwou Säiten? Wär dat net ë bësschen méi éierlech a méi gerecht?

Oder et ginn déi vill Etüden zitéiert, déi op enger renger Selweraschätzung vun homosexuellen „Elteren“ berouen. („Mengt Dir dat Aer [?] Kanner et bei Iech gutt hunn?“). D’Resultater vun sou „Etüden“ sinn natierlech ëmmer onheemlech positiv fir déi homosexuell „Eleteren“.

D’Madame Gabriele Kuby schwätzt an hirem  Buch (Säiten 249 – 252) vun „Optragsstudien“ déi mat objektiver Wëssenschaftlechkeet näicht ze dinn hunn, mä just gemaach ginn fir als politesch Propagandainstrumenter kënnen gebraucht ze ginn. An dem Zësummenhang ass och dem Här Xavier Lacroix säi Kapitel iwwer „L’argument statistique“ liesenswärt. D’Referenzen vun dene ausgezeechente Bicher stinn op dësem Blog.

 

 

 

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert