Pirate-„moral“: Vive déi inzestuös Homopolygamandrie!

Am « Präsidium » vun der Piratepartei sëtzen am Abléck siwen Hären mat engem Duerchschnëttsalter vun 34,7 Joer. U sech, geng ee mengen, ass dat schonn e ganz  vernënftegen Alter, virun allem fir eng Partei déi virun allem de Joncktem lackele wëll.

34,7 Joer ass jiddefalls schonn erwuesse genuch fir sech mam Begrëff Verantwortung am Liewen auserneenzesetzen. Verantwortung fir eng Famill, Verantwortung fir Kanner, Verantwortung géintiwwer dem Liewen u sech.

Fir dat ze iwwerpréiwen an dem Wieler et méi einfach ze maachen, huet déi konservativ Säit alt schonn emol ë kritesche Bléck op dat Kapitel “Fir eng zäitgeméiss Geschlechter- a Familljepolitik” am Pirateprogramm geworf.

D’Piraten sinn jo bekanntlech extrem flexibel an tolerant, ebe „modern“  (d’Zitater sinn vun der Web-Säit vun der Piratepartei):

All Form vum Zesummeliewen an der geschlechtlecher, respektiv sexueller Identitéit bzw. Orientéierung muss respektéiert ginn insoufern se um géigesäitegen Averständnes an dem Respekt vun den eenzelne Persoune berout.

 (…)

Fräi Selbstbestëmmung vum Zesummeliewen

D’Pirate bekennen sech zum Pluralismus vum Zesummeliewen. D’Politik muss der Villfalt vun de Liewensstiler gerecht ginn an eng wierklech fräi Entscheedung fir déi individuell gewënschte Form vum Zesummeliewen erméiglechen. Eng just historesch gewuesse strukturellt a finanziellt Avantagéiere vun ausgewielte Modeller lehne mir of.”

Do froen ech mech just, wen dann awer wéini matzeschwätzen huet? Wéi ass et zum Beispill mat ploygamen Liewensformen, oder mat inzestuösen Verbindungen? Vu wéi engem Alter un, muss d’Politik dann de verschiddene Liewensstiler “gerecht” ginn, a wéi soll si dat maachen? A wann Kanner do sinn, wen huet a wéi enger Liewensform déi elterlech Rechter a Flichten? Wann sou Liewensgemeinschaften auserneeginn, wen huet dann ënnert wéi enge Conditiounen elterlech Rechter a Flichten, respektiv Besuchsrechter? Wéi eng finanziell Verflichtungen hunn déi verschidde Persounen aus sou Liewensgemeinschaften géintiwwer denen Kanner aus  sou Gruppen, oder betreffen déi Verflichtungen dann awer nëmmen déi biologesch oder eventuell déi adoptiv Elteren? A virun allem: wéi eng Rechter hunn d’Kanner a géintiwwer wem? Wen decidéiert wéini a wéi iwwer hire Numm, hir Erzéiung an hir Gesondheet?

Fir eventuell Wieler vun de Piraten, virun allem fir jonk Koppelen, ass och ze notéieren, dat d’Bestietnis all finanziell Privilegien verléiert. Souwisou, wärt d’Bestietnis ënnert de Piraten ganz ofgeschaaft ginn, well:

“Gesellschaftsstrukturen, déi sech aus Geschlechterrollebiller erginn, ginn dem Individuum net gerecht a mussen iwwerwonne ginn.”

Ech huelen mol un, dat sou aalmoudesch Begrëffer wéi „Mamm“ a „Papp“ och aus Geschlechterrollen staamen a mussen „iwwerwonne“ ginn.  Fir Leit déi sech bis elo als eng heterosexuell Fra oder als en heterosexuelle Mann verstaanen hunn an déi un eng Famill mat Kanner geduecht haten, sinn dat do net onbedengt gutt Neiegkeeten! Déi Gesellschaftsstruktur, déi si fir sech als richteg gesinn haten, muss jo neierdengs “iwwerwonne ginn”. Ech mengen mat sou Leit wéi de Piraten, komme mir denen Diktaturen wéi se a “Brave New World” oder “1984” beschriwwe goufen, endlech en decisive Schrëtt méi no!

D’Piraten sinn och fir en Asylrecht fir Homosexueller oder soss Aanechtsexueller ouni  dat déi Betraffen “hir Geschlechtsidentitéit oder sexuell Orientéierung heifir (missten) noweisen.” Dat ass effektiv eng revolutionär Neierung am Asylrecht, an et därf een lo schonn dovun ausgoen, dat mir geschwënn och nach e puer dausend direkt oder indirekt verfollegt Homosexueller oder Sossaaanechtsexueller, vläicht nes besonnesch aus de Balkanlänner, an eisen schonn iwwerfëllten Asylanten-Heemer sëtzen hunn. Beweisen brauchen se dann jo näicht méi a lass gi mir se dann och net méi. Just bezuelen därfe mir.

Mä bei der Reform vum internationalen Asylrecht hällt déi revolutionär Erneierungswut vun de Piraten awer nach net op. Dat wär och definitiv zëvill bescheiden fir sou fräigeeschteg Leit! Nä, si revolutionéieren och nach gläich d’Biologie:

Och gläichgeschlechtlech Liewensgemeinschafte mussen zesumme Kanner kréien,(…)  dierfen.”

D’Adoptioun duerch gläichgeschlechlech Koppelen ass jo schonn komplizéiert genuch, an d’”Produktioun” vu Kanner fir homosexuell Koppelen duerch medizinesch Methouden oder geléinte Mammen wierft eng Abberzuel vu moralesche a juristesche Froen op. Wéi gläichgeschlechtlech Koppelen soss sollen zësumme  Kanner „kréie“ sollen, bleift e Rätsel.

Mä alles dat interesséiert d’Piraten net. Si postuléieren e Recht op e Kand – sou als wär e Kand eng Saach – e Joujou fir jiddereen, dee grad mol wëll Elteren spillen – a net en eegestännege Mënsch mat senge Rechter, inclusiv senge Rechter op eng Filiatioun.

D’Ideologie vun der Piratepartei ass näicht aanecht wéi rücksichtslosen Egoismus a senger extremster a verantwortungslosester Form.

Dat gëtt och nach duerch dëss Propositioun dokumentéiert: “Op eng prinzipiell Disponibilitéit vun (…) Betreiungsméiglechkeete muss et ee Rechtsusproch vu Gebuert u ginn.”

Dat heescht, sou bal d’Homo-an all aaner gläich-„wärteg“ Koppelen hir Kanner kruuten – wéi a vu wem och ëmmer – mussen déi aarme Kanner dann vu Gebuert un kënnen an eng Betreiungsstruktur. A fir déi huet natierlech de Stat ze suergen, den zwar soss näicht méi iwwer d’”Liewensmodeller” vun de Leit ze soen huet. Dat heescht mir all sollen dofir bezuelen, dat déi Homosexuell a soss onfruchtbar oder aaner „Liewensmodeller“ sech därfen beim Storch e Kand bestellen an – soubal et geliwwert gouf – et da gläich an eng staatlech Betreiungsstruktur kënne schleefen.

Awer an der Fammilljepolitik  hunn d’Piraten eben Humor: “Onofhängeg vum gewielte Liewensmodell genéisse Liewensgemeinschaften, an deene Kanner opwuessen oder schwaach Mënsche versuergt ginn, e besonnesche Schutz.” De Stat huet zwar näicht méi an dem Beräich ze soen, an “e strukturellt a finanziellt Avantagéieren vun ausgewielte Modeller” gëtt zwar och vun de Piraten refüséiert,  an awer sollen Liewensgemeinschaften an dene Kanner opwuessen “geschützt” ginn. Jo wéi dann nach, op wéi enger Rechtsbasis, no wéi enge Critèren  a vu wem?

Fir mech ass just eppes kloer: eis Gesellschaft a virun allem d’Kanner musse geschützt ginn, an zwar virun de Piraten an denen anere Lénken vun alle Fuerwen. Ee vun dene grondleeënde Problemer beim Homosexuellebestietnis ass den, dat wann een d’Natur vum Bestietnis bis därmoossen denaturéiert, et keng logesch stringent Begrënnungen méi gëtt, fir och aaner Liewensformen nach vum Bestietnis auszeschléissen. Och polyamourös, polygam, polyandrech oder nach méi grenzwärteg Liewensmodeller kéinten sech jo dann „diskriminéiert“ fillen a gläich „Rechter“ fuerderen.

Eise Progressissten an der Politik ass dat egal. Si lafen léiwer denen puer Stëmmen vun den Homosexuellenlobbyisten no – op Käschten vun de Kanner an op Käschten vun den Institutiounen vun eiser Gesellschaft.

 

 

 

 

 

 

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert