Woody di Bartolomeo : Alles wat Dir schonn ëmmer iwwer Sex wësse wollt…

Eng onhelleg Allianz tëschent dem sozialisteschen Gesondheetsministère, dem sozialisteschen Schoulministère an der Ofdreiwungsberodungsinstitutioun « Planning Familial », den vun enger Sozialistin oder och vläicht ex-Sozialistin dirigéiert gëtt, huet eng Broschür iwwer d’Sexualitéit verbrach : « Le guide de la santé affective et sexuelle des jeunes ».

Wen et bis op d’Säit 13 vun där Brochure packt, den fënnt do eng Definitioun vun der Sexualitéit::

« La sexualité, c’est une rencontre, un partage. La sexualité est une découverte de soi et de l’autre, une forme d’expression et de réalisation personnelle, une expérience du désir, du plaisir individuel et à deux. La sexualité fait appel à de nombreux sentiments : l’amour et la tendresse bien sûr, mais aussi la joie, la crainte, le chagrin la confiance. Elle évolue avec l’âge, les expériences et les pratiques. Elle varie avec les partenaires et les cultures. »

Wat wor ech dach naiv !  Hat ech dach net gemengt, et géng vläicht ën Zësummenhank tëschent der Sexualitéit an der Procréatioun ginn.  Oder tëschent der Sexualitéit an engem eventuellen nach aneren Gefill, engem sougenannten  « sentiment de responsabilité » ! Sou een Gefill gëtt et awer bei de Sozialisten offensichtlech keent.

Duerch déi Broschür sinn ech awer lo bedeitend besser informéiert ! Merci, Här di Bartolomeo! Merci, Madame Delvaux! Sexualitéit huet also näicht mat Puppelcher ze dinn. Déi bréngt da sëcher de Storch. Verschidde sozialistesch Matbierger sinn awer vläicht och – gewësse Broschüren no ze uerteelen –  an engem Kaabesheed entstaan.

Ech muss awer zouginn, dat ech dach ë bësselchen enttäuscht sinn. D’Sozialisten schéngen  zimlech aalmoudesch an diskriminatoresch ze sinn. Wat ass hautzudaags schonn nach ë « plaisir individuel et à deux » ? D’Piraten an déi Gréng sinn wéinstens fir d’Polygamie, d’Polyandrie, den Inzest an an Eenzelfäll  bei denen Gréngen sinn si och experimentéiert Pädophiler! Dat sinn wéinstens Leit mat kloren, moraleschen Iwwerzeegungen! Déi Rout kommen geschwënn mat bal grad sou langweilegen klasseschen Relatiounen bei déi Jonk geschäert wéi mir aner knallhaart Konservativer. Schappeg !

Emmerhin erlaabt d’Ausblendung vun der Fortpflanzung aus der Sexualitéit de Sozialisten déi verbal  Gläichstellung vun der Heterosexualitéit mat der Homosexualitéit.  « Les personnes homosexuelles vivent des relations amoureuses aussi riches de tendresse, de joies partagées et de projets en commun que les personnes hétérosexuelles ». (p.13)  Dat ka jo sinn, mee op natiirlechem Wee Kanner kréien geet zum Beispill net. Déi, an mengen An, absolut zentralst Dimensioun vun der Sexualitéit, déi déi hir déiwe Sënn an wierklech Bedeitung gëtt, nämlech d’Weiderginn vum Liewen, déi feelt bei der Homosexualitéit gene wéi och an där sozialistescher Definitioun vun der Sexualitéit.

D’Sozialisten behaapten : « Pourtant, l’homosexualité est simplement une façon de vivre sa sexualité. » Wann et nëmmen sou einfach wär…  Fir vill Homosexueller ass hir sexuell Orientéierung guer net « simplement » eng sexuell Liewensweis. Vill vun hinnen hunn grouss Problemer mat hirer Homosexualitéit an net nëmmen wéinst enger eventueller oder reëller Diskriminéierung duerch hiert gesellschaftlecht Emfeld. An denen Leit hir Problemer a Suergen muss een onbedéngt eecht huelen,  an zwar ouni dat all kritesch Ausërnaanersetzung mat der Homosexualitéit gläich vun hysteresche Lobbyen als « Homophobie » duergestallt gëtt.

Hei mol eng Rei vun  Artikelen déi op méi eng reflektéiert Manéier iwwer d’Homosexualitéit schreiwen:

http://www.dijg.de/homosexualitaet/

Ganz sëcher ass  d’Situatioun fir vill homosexuell Mënschen jiddefalls net sou « einfach » wéi d’Sozialisten dat wëllen duerstellen.

Eng interessant Fro an dem Kontext ass z.B. och déi op d’Homosexualitéit ugebuer ass oder net :

http://www.dijg.de/homosexualitaet/wissenschaftliche-studien/fakten-hinweise-wenig-oeffentlichkeit/

Aner Spaweck-Säiten veruerteelen iwwregens schonn déi Fro wat d’Uersaach vun der Homosexualitéit kéint sinn als « ein Urteil über Homosexuelle. Wenn Sie nach den Gründen fragen, weshalb jemand homosexuell ist, unterstellen Sie schon, dass Homosexualität eine Störung ist und erklärt werden muss.»  Dat ass allerdéngs keng ganz wëssenschaftlech Astellung well Fuerschung a Wäertung sinn net dat nämlecht.

http://web4health.info/de/answers/sex-homo-causes

Virun allem widdersprëcht sech den selwechten Artikel well en behaapt schonn am nächste Paragraph :  « Es wird gerade an einem bestimmten Gen für Homosexualität geforscht. Allerdings gab es noch nicht genug Forschung um eine verlässliche Aussage zu machen.» Fuerschung déi also en Homo-Gen soll fannen ass da sëcher keen «Uerteel iwwer Homosexueller ». Wie’s beliebt…

Ech wonneren mech ëmmer iwwer sou Aussoen, well si ën eklatanten Widdersproch zur Gender-Ideologie duerstellen, déi jo am lénke politesche Lager sou « in » ass. An der Gender-Ideologie gëtt gepriedegt, dat all sexuell Ìdentitéit an Orientéierung op reng soziale Critèren berouht, op Erzéiung  an net op Biologie. Fir déi Homosexuell soll dat dann awer op eemol net gëllen. Bei hinnen soll dann „natierlech“ virprogramméiert sinn wat bei aneren nëmmen e Produkt vun Erzéiung ass an allzäit nees kéint geännert ginn. Firwat dann nëmmen bei denen engen an net bei denen aneren?

An enger Broschür iwwer d’Sexualitéit,  geng ech d’Heterosexualitéit jiddefalls net mat der Homosexualitéit gläichstellen. Well et gëtt op d’mannst een enorm wichtegen Ennerscheed an dat ass d’Procreatioun ! Et geet beim Sex eben nët nëmmen em Loscht a Loschtbefriddegung, mee virun allem ëm Kanner a Verantwortung.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

6 Kommentare zu Woody di Bartolomeo : Alles wat Dir schonn ëmmer iwwer Sex wësse wollt…

  1. Jacques Guddebour sagt:

    Den Auteur schengt ze vergiessen, dass d’Sexualitéit am Alldag guer näischt mat der Procréatioun ze dinn huet. Déi meescht Leit kennen net procrééiren, well se entweder vun der Geschlechterkombinatioun oder vum Alter hier dozou biologesch net kapabel sinn, an déi meescht Leit, déi kéinten, verhidden gezielt, fir dass et net dozou kennt.

  2. Jean sagt:

    Den Auteur weist just drop hin, dass d’Procreatioun, déi vun Natur aus onbestridden den Haaptsënn vun der Sexualitéit ass, an der Broschür einfach ausgeblend gët, an domat huet hie Recht!

  3. Jacques Guddebour sagt:

    Dat stemmt einfach net méi – zanter enger 50 Joer, dass Verhiddung funktionell, belleg an disponibel ass, huet Sexualitéit einfach net méi vill mat Procréatioun ze dinn.

    Meng Bomi huet emmer gesot: ‚der kritt d’Kanner wéi se kommen‘. Fir si huet dat gestemmt, an et wueren der wuel méi wéi se eigentlech wollt. Mee scho fir meng Elteren woer dat net méi richteg. Kanner ginn geplanngt, an dee gréissten Deel Sexualitéit huet aner Grenn wéi Procréatioun.

    A mengen 20 ‚aktiven‘ Joeren bis elo woer Procréatioun vläit 3 Méint e Sujet, an eventuell get et nach eng Kéier e Mount oder 2. Mee fir de Rescht huet et keng Relevanz a mengem sexuelle Liewen gehat. An dat ass fir déi meescht Leit de Fall.

  4. Jean sagt:

    Liest w.e.g. richteg, och meng Äntwert: „Den Auteur weist just drop hin, dass d’Procreatioun, déi vun Natur aus onbestridden den Haaptsënn vun der Sexualitéit ass, an der Broschür einfach ausgeblend gët, an domat huet hie Recht!“.

    VUN NATUR AUS ass a bleift den Haaptsënn vun der Sexualitéit d’Procreatioun! Si ass dofir virgesin, wat ower guer net aner Grënn verhënnert (Léift, Loscht, etc.). An dat behaapt och hei keen. Et ass ower net richteg, fir d’Procreatioun ganz auszeblenden, et kommen all Joer vill Kanner op d’Welt, déi net geplangt woren (dat zu Äerem „Kanner ginn geplangt“) an et gin der vill doduerch ofgedriwwen.

  5. Jacques Guddebour sagt:

    Ech hun lo natierlech net d’Brochure virléien, aus däer zitéiert get, mee ech ginn emol dervun aus, dass op enger vun de Säiten virun oder no der dräizengter, déi zitéiert ass, och iwwert Verhiddung riets geet.

    ‚VUN NATUR AUS‘ ass haut eppes, wat a villen Aspekten fir de Mensch keng Relevanz huet. Mir hun vun Natur aus Gloscht op Fett an Zocker, mee dat ass net onbegrenzt gesonnd. Mir hu vun Natur aus Instinktreaktiounen, déi mer am Auto an an anere Maschinnen duerch technesch Ariichtungen kompenséiren mussen. Et ginn souvill Aspekter, wou ‚vun Natur aus‘ einfach net der Liewenswierklechkeet vun de Leit entsprecht.

    An dann, ‚tongue in cheek‘: gerad bei Homosexuellen ass d’Procréatioun nu wierklech absolut net mat der Sexualitéit verbonnen 😉

  6. jean sagt:

    Här Guddebuer, et ass einfach eng objectiv Tatsaach ass, datt d’Sexualitéit VUN NATUR AUS als Haaptsënn d’Procreatioun huet! Nach eng Kéier: mir sin all d’accord iwwert déi aner Grënn, fir déi se nach praktizéiert gët. Evident ass, datt d’Sexualitéit bei Homosexuellen net kann als Grond d’Procreatioun hun. Dat ännert ower iwwerhaapt näischt un hirer natiirlecher Haaptfonctioun, déi se also un éischter Plaz vun Natur aus huet! Et geet hei just drëms, datt déi Haaptfonctioun ausgeblend gët. Dat ass eng Feststellung, dat anert huet näischt domat ze doen a méi wollt den Auteur net soen. Ech gesin do guer kee Grond, fir a seng Feststellung eppes anescht dran interpretéieren ze goen. Dofir beloossen ech et och elo dobei.

Schreibe einen Kommentar zu Jacques Guddebour Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert