Och an dësem Artikel huelen ech ë Member vun der CSV, hei den Här Minister Frieden, a Schutz. Op aaneren Punkten – zum Beispill an der Affär Reuland a Stebens – sinn ech awer absolut net mam Här Minister Frieden d’accord. Mir geet et drëm an der Politik éierlech ze sinn, an net automatesch en anere Politiker unzegräifen nëmmen well en an enger anerer Partei ass.
Op dësem Blog hunn ech schonn kloer gestallt, dat ech fir eng kloer Gewaltentrennung antrieden. Dat heescht et ass net un der Justiz fir Gesetzer ze schreiwen, mee dat ass d’Aufgab vun der Chamber. Si mecht hir Aarbecht opgrond vun engem Projet vun der Regierung oder opgrond vun enger Propositioun vun engem Deputéierten. D’Chamber ass politesch fräi an onofhängeg an just virum Wieler verantwortlech. Engem Procureur säin Avis iwwer e Gesetz ass selbstverständlech wichteg a respektabel, mee ë kann der Chamber weder eng Entscheedung diktéieren, nach si bei hirer Decisioun behënneren.
E Minister kann, fir e Projet auszeschaffen, schwätzen mat wem e wëll, soulaang ë wëll, wou ë wëll, inklusiv mat Polizeioffizéier a Polizeigewerkschaften déi alleguer an enger fräier an demokratescher Gesellschaft e Recht op eng Meenung hunn an doriwwer raus e Recht hunn déi Meenung och ze soen. Wen dat an Zweifel zitt, den stellt eis demokratesch Fräiheeten a Fro. Am Abléck hunn ech dat Gefill, als géng d’Justiz sech op engem ganz geféierleche Wee befannen.
Kloer an däitlech: den Här Minister Frieden an den Här Reuland konnten iwwer en Avant-Projet de loi souvill mateneen diskutéieren wéi si wollten. Dat geet d’Justiz näicht un, och wann et ëm en Text goung den den Procureur proposéiert hat. Verantwortlech fir dee fäerdege Projet de loi ass den Här Minister Frieden, an net den Här Reuland an och net den Här Biever.
Déi Perquisitioun am Justizministère stellt eis virun eng ganz Rei vu rechtsstaatleche Froen. Net déi mannst dovun ass, wou dann iwwerhaapt nach de Lien tëschent där Perquisitioun an dem Bommeleeër-Prozess soll sinn? Fir mech als einfache Bierger ass dat net méi nozevollzéien! An wéi ass et méiglech, dat wann eng Ausso vum Procureur d’Etat vun direkt Bedeelegten relativéiert oder souguer widderluegt gëtt, datt dat sou Konsequenzen no sech zitt? Wéi onofhängeg ass d’Geriicht am Bommeleeërprozess géintiwwer dem Parquet?
Ech stellen ausdrécklech an Zweifel, dat den Här Minister Frieden gesot hätt, déi Enquête iwwer d’Affär Bommeleeër misst zougemaach ginn. Ech verweisen do op eng Ried déi den Här Procureur général d’Etat de 4. Mee 2011 an enger „audience publique solennelle de la Cour“ gehalen huet (Pasicrisie luxembourgeoise, Tome 35, 2/2011, Säiten 103 bis 122). Déi Ried ass zwee Joer no de Wahlen vun 2009 gehale ginn.
De Sujet vum Här Procureur d’Etat Biever senger Untrëttsried ass de Ministère public. Den Tenor ass, dat de Justizminister sech NET amëscht, an dat hien KENG Méiglechkeet huet, dem Parquet ze soen, dat iergend eng Enquête misst agestallt ginn. An engem Paragraph seet den Här Biever souguer ausdrécklech, dat de Justizminister am Joer 2002, also den Här Frieden, der Press gesot hätt, dat „que toute infraction devrait être sanctionnée pénalement“ mee dat, dem Här Biever no, de Parquet an d’Geriichter dofir net genuch Moyenen hätten.
Ech recommandéieren politesch interesséierte Leit dem Här Biever seng Ried nozeliesen. Hei sinn e puer Auszich:
– den Här Biever rifft de „blâme“ an Erënnerung den d’Chamber den 9. Dezember 1958 géint e Member vun der Regierung ausgeschwat huet an de Récktrëtt vun der Regierung den dat ausgeléist hat. „Exit le Gouvernement et, avec le Ministre de la Justice de l’époque, la théorie du „Grand-Juge“, selon laquelle le Ministre de la Justice aurait le droit de bloquer ou d’enterrer une affaire selon son bon vouloir“.
– den Här Biever rifft dann och eng aner Affär an Erënnerung an där et 1972 ëm en obszöne Film goung: „ Il résulte de cet arrêt que tout en étant le supérieur hiérarchique des Parquets, le Ministre de la Justice n’a pas le droit de donner un ordre de non-poursuite aux procureurs.“
Den Här Biever seet, dat de Justizminister dem Ministère public: „ne peut pas enjoindre à ses subordonnés un ordre de non poursuite;“.
„Tous les Ministres de la Justice anciens ou actuels, parquetiers anciens ou actuels le confirment: au Luxembourg les Ministres de la Justice ne donnent pas d’ordres dans les affaires pénales et le ministère public n’est pas aux ordres du Ministère de la Justice“.
Tous les ministres? Also och den Här Frieden!
„Le Ministre ne peut évidemment pas dire „ce genre de délits il faut les oublier“, ceci équivaudrait à une suspension de la loi.“
„Il est essentiel de rappeler à ce stade des réflexions que le Code d’instruction criminelle ne permet pas au Ministre de la Justice de donner des ordres de non poursuite, (…)“
„De qui la politique de l’action publique émane-t-elle réellement? Disons-le clairement, dans notre pays elle émane du ministère public et non du Ministre de la Justice„.
Jiddefalls mengen ech, dat den Här Biever do eng kloer Positioun huet an dat all Versuch – un den ech net gleewen – vum Här Frieden fir d’Affär Bommeleeër klasséieren ze lossen, zu näicht gefouert hätt.
Dat e Procureur oder e Riichter sech net „encouragéiert“ gefillt hunn, dat wonnert mech och. Näicht géint emotional Sensibilitéiten, mee sinn si onofhängeg oder sinn si et net? Firwat brauchen si iwwerhaapt en politeschen „Encouragement“? Si sollen hir Aarbecht maachen, sou wéi si et fir richteg halen. Vill aner Beamten, déi contrairement zu de Magistraten an engem richtegen „lien hiérarchique“ schaffen, fillen sech och nët ëmmer „encouragéiert“ a fir déi ass dat bedeitend méi schlëmm. Eierlech gesot, als Beamten hat ech schonn ganz aner Saachen matgemaach wéi dat do!
Schliesslech mengen ech och, dat et vollkommen normal ass dat e Verwaltungschef – also och e Polizeidirekter – regelméisseg oder geleeëntlech no der Opportunitéit vun enger weiderer „mise à disposition“ vu senge Beamte freet. Och sou eng Fro ass net ze verwiesselen mat engem Versuch fir eng Enquête ofzewiergen.
All Chef oder héige Beamten muss an eisem Staat streiden fir dat hien déi Leit an déi Moyenen kritt, déi hien mengt dat e bräicht. Och dat ass näicht Aussergewéinleches! Dat huet manner mat schlechtem Wëllen ze dinn, wéi mat der Berschränktheet vun eise Ressourcen.