Wou sinn haut nach eis ethesch Referenzpunkten?

Eis Gesellschaft huet hir Orientéierung an hir Wäerter bal komplett verluer.  Héich gehalen ginn haut nach Rockveranstaltungen, Homo-Paraden a Sportsevenementer. Ethesch Froen ginn mol net méi diskutéiert, well d’Froen u sech sinn schonn onerwënscht. Panem et circenses!  

Muss een sech dann net un de Kapp gräifen, wann een liest, datt zum Beispill an Finnland d’Bedeelegung vun medizineschem Personal un Ofdreiwungen net méi soll därfen hannerfroot ginn?  

http://diepresse.com/home/meinung/cultureclash/1429934/Culture-Clash?_vl_backlink=/home/meinung/cultureclash/index.do

Oder dat am Vereenegten Kinnekräich, e Staat den mol eng Kéier fir seng Demokratie an Fräiheetsléift berühmt wor, Leit déi d’Evangelium priedegen, wéinst „homophober Haasried“ kënnen ugekloot ginn? 

 

Liewen mir haut net an Wierklechkeet an enger extrem intoleranter Gesellschaft, an zwar genee an där selwechter Gesellschaft déi dauernd Toleranz an Nët-Diskriminéierung priedegt? Misst déi behaapten Toleranz dann net och géintiwwer denen gëllen, déi nach op moralesch Grondwäerter insistéieren déi dem Zäitgeescht an den Interessien vun gewëssen Lobbyen net an de Krom passen?

Besonnesch déi Leit déi nach chrëschtlech Wäerter vertrieden hunn et hautzudaags schwéier. Dovunn ass d’CSV natierlech net betraff, well si mam Chrëschtentum absolut näicht méi ze dinn huet. D’CSV huet sech jo bekanntlech d’Liberaliséierung vun der Ofdreiwung an d’Homo-„Bestietnis“ op hiren orangen Fändel geschriwwen.

Natierlech huet och déi kathoulesch Kierch eng Schold un dëser Entwécklung. Wann am kathouleschen Reliounsunterrecht nëmmen nach iwwer de Fridden, d’Entwécklungshëllef, den Islam an de Buddhismus geschwaat gëtt, da kënnen d’Kanner natierlich ni genuch Wëssen kréien fir ethesch Reflexiounen op enger chrëschtlecher Basis kënnen ze féieren.

De Poopst Benedikt XVI hat ënner anerem dowéinst vun der Noutwendegkeet vun enger Nei-Evangeliséierung vun Europa geschwaat.

http://de.wikipedia.org/wiki/P%C3%A4pstlicher_Rat_zur_F%C3%B6rderung_der_Neuevangelisierung

An ech mengen, datt et wierklech wichteg ass de Leit mol nees ze soen, wat iwwerhaapt déi chrëschtlech Wäerter sinn an wéi wichteg an aktuell si och nach an eiser Zäit sinn!  

http://www.vatican.va/roman_curia/congregations/cfaith/pcb_documents/rc_con_cfaith_doc_20080511_bibbia-e-morale_ge.html

Wann een déi aktuell politesch Diskussiounen verfollegt, gëtt dacks alles wat nach mat Kierch a Wäerter ze dinn huet einfach „en bloc“ refuséiert, dacks ouni all Wëssen iwwer de Fong. De „Raisonnement“ ass archi-einfach: ët kënnt vun der Kierch also ass net méi zäitgeméiss, fräiheetsfeindlech, mënschefeindlech, fraenfeindlech, einfach schlecht an vu viirgëschter. All „Argument“ géint Kierch gëtt ongepréift an onreflektéiert an d’Feld geworf, egal ob et pertinent ass oder net. Dat gëllt fir eis Gesellschaft genee sou  wéi fir eis Politiker, an besonnesch och fir d’Deputéierten vun der CSV. Bei hinnen gëtt et am Abléck just nëmmen nach eng Persoun déi wierklech nach de Glaawen eecht hëllt. An déi betreffend Persoun zitt sech och nach geschwënn aus der Politik zréck.  

D’Resultat ass eng Gesellschaft déi vun Dag zu Dag méi intolerant gëtt, eng Gesellschaft déi ëmmer méi totalitär Zich kritt.  

Ech géng mir wënschen, datt déi puer Leit déi iwwerhaapt nach wëllen denken, sech nees méi mat der Bedeitung vum Chrëschtentum fir eis westlech Kultur an eis Fräiheet ausernanersetzen.

Bicher déi een op dësem Wee kënnen sënnvoll begleeden, sinn zum Beispill:

Mathias Schreiner, Die zehn Gebote, Eine Ethik für heute, Deutsche Verlags-Anstalt, München, 2010, ISBN 978-3-421-04486-0, 286 Seiten.

Andreas Püttmann, Gesellschaft ohne Gott, Risiken und Nebenwirkungen der Entchristlichung Deutschlands, Gerth Medien, 2010, ISBN 978 – 3- 86591-565-8, 288 Seiten.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Bicher, Politik, Relioun veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu Wou sinn haut nach eis ethesch Referenzpunkten?

  1. Jacques Guddebour sagt:

    D’Gesellschaft huet schon hier Wärter, an diskutéiert och iwwert Ethik. Just mecht se dat net méi do, wou den Auteur et matkritt. Ethik an kathoulesch Kierch/kreschtleche Glawen sinn haut getrennte Beräicher. Fréier hat d’kathoulesch Kierch hei an der Regioun eng Deutungshoheit, déi hier haut vun deene meeschte Leit net méi zougestanen get. Se muss sech der Diskussioun stellen, a se huet do oft keng ganz iwwerzeegend Argumenter, virun allem net fir déi Leit, déi ausserhalb vun hieren Dogmen stinn. Ausserdeem huet se eng Geschicht, déi net favorabel ass – wann ee just kuckt, wat an de läschte Joeren erauskomm ass, dann ass dat keng Reklamm.

    An, net ze vergiessen: Ethik gouf et laang virun der kathoulescher Kierch, an get et haut och op Plazen, wou d’kathoulesch Kierch ni e gréisseren Afloss hat – an et geet trotzdem.

    De fait, dass d’Leit haut net méi alles unhuelen, wat vu Roum kennt, huet näischt mat Totalitarismus ze dinn, méi éischter mat Opklärung.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.