D’Instrumentaliséierung vun der CSV duerch den Här Juncker

Aus Grënn déi wuel jiddereen verstoen kann, wor ech den Owend net um Nationalkongress vun der CSV. Mee ech hunn awer d’Artikelen iwwer den Kongress op wort.lu an op rtl.lu gekuckt.

Ech gleewen net un d'“Dolchstosslegende“, déi géint d’Sozialisten do konstruéiert gëtt. Ech denken, dat den Här Juncker eng ganz Rei vu grave Feler gemaach huet, an et deet mir Leed dat hien dat net agesäit. Hien huet den CSV-Stat sou staark assimiléiert, dat hien mol net méi erkënnt wat wierklech falsch ass.

De Fall vum Här Mandé ass dofir e gutt Beispill. Wann een engem wëll hëllefen den een kennt, da muss dat awer am Respekt virun de Prozeduren, an aller Transparenz an am Interessi vun denen betraffenen Institutiounen oder Verwaltungen geschéien.  Dat wor awer net de Fall. Den Här Juncker verlaangt haut – mat Recht – e Respekt virun den Institutiounen, den  hien selwer awer leider net gewisen huet. Richteg ass, datt den CSV-Stat sech doduerch auszeechent, datt vill Posten opgrond vun der Parteikaart, vu Nepotismus a Bezéiungen verdeelt ginn.

Mech stéiert dat den Här Juncker lo seng Partei instrumentaliséiert fir säin Ego ze retten. Hien hätt sollen senger Carrière hei am Land e wierdegt Enn ginn, wou dozou nach Zäit wor. Hien hätt sollen en Dauphin opbauen an den systematesch protegéieren. Béides huet hien awer verpasst. Haut ass d’CSV eng Partei déi sech am Persounekult übt: si offréiert e Politiker amplaatz eng Politik. Symptomatesch dofir wor den Jubelkongress haut den Owend zu Hesper. Keng Still fir déi zu Claqueuren degradéiert Parteimemberen, keng Diskussioun, keng Demokratie. Dëse Kongress huet bewisen, datt an der CSV nëmmen een zielt an nëmmen een decidéiert.  D’CSV-Memberen ginn an d’Sippenhaft fir hiren Maximo Lider geholl, si hätten awer mat Sëcherheet Besseres verdéngt!   

Enner dem Här Juncker huet d’CSV hire Profil als „C“-Partei komplett verluer. Hire Credo haut heescht Ofdreiwung an Homo-„Bestietnis“. Hire Parteiprogramm ass praktesch austauschbar mat dem vun der LSAP oder dem vun der DP – „fortschrëttlech“ eben. D’Ennerscheeder leien nëmme nach an den Nuancen.  

Den Här Juncker probéiert d’Kompetenz vun e puer vun den Haapt-CSV-Leit an d’Spill ze brengen. An et ass absolut richteg, datt et an der CSV eng Rei vu gudde Leit gëtt. Allerdéngs gëtt et där och bei denen anere Parteien. Et gëtt bei der CSV iwwregens  och eng net kléng Zuel  vun – politesch gesinn – komplette Nullen. Bei denen aneren sëcher och. Wat mech un dem Kompetenz-Argument also stéiert ass virun allem en aneren Aspekt:   den Här Juncker hëllt dat Beispill vun de Problemer bei der Emstellung vun der Quellesteier op den automateschen Informatiounsaustausch an e „vergësst“ dobäi ze soen, dat mir den Problem NEMMEN wéinst der CSV-Kapitulatioun zu Feira am Joer 2000 iwwerhaapt kruten!! An zu Feira wor Lëtzebuerg duerch déi Hären Juncker an Frieden vertrueden! Mat hirem Versoen vun deemools maachen si hire Wahlkampf vun haut!

Et geet dem Här Juncker net ëm d’Lëtzebuerger, well déi entdeckt hien nëmmen wann hien se brauch. An Wierklechkeet militéiert d’CSV fir d’Auslännerwahlrecht. Den Här Juncker  schwätzt vun „engem staarke Stéck Lëtzebuerg“.  Fakt ass awer, datt d’CSV an den Här Juncker zënter Joeren europäesch Interessen systematesch virun eis national Interessen gesat hun. An et ass ganz einfach falsch fir ze behaapten europäesch Interessen an national Interessen wären „dat selwecht“. Dacks ass den exakten Géigendeel wouer! Dat do sinn banal Rechtfertegungsfloskelen fir ze camoufléieren, datt den Här Juncker eist Land vernooléissegt huet fir sech an Europa auszetoben. Heiheem schéngt hien sech gelangweilt ze hunn.  Jiddefalls ass den objektiven Bilan vu senger éiweg laanger Regierungsperiod en Desaster.

Egal wéi et bei de Wahlen geet – an souguer dann wann den Här Juncker nees sollt Premier ginn – en ass ugezielt an méi schwaach. Seng Onugräifbarkeet ass fort. An senger Partei ginn bestëmmt och iergendwéini Leit waakrech déi dë Persounekult saat hunn.   

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert