Iwwer d’Glaafwierdegkeet vun der Kierch

Wann een Sonndes a Rou den Interview mam Här Generalvikar Erny Gillen am  forum vum Januar 2013 liest, da mierkt een, sou geet et op d’mannst mol mir,  dat den Usproch vum Wort an d’Realitéit wäit auserneen leien. Den Här Gillen probéiert den Androck ze ginn, als wär d’Wort  virun allem mol eng chrëschtlech Zeitung, eng där hirt Leitbild e « chrëschtlechen Humanismus » wär. Mä hien ënnersträicht awer och – a senge Wierder natierlech – dat d’Wort, den LCGB, an d’CSV u sech näicht aanecht wéi e Konglomerat duerstellen : « Ich gehe aber momentan davon aus, dass eine CSV der christlichen Soziallehre genau so vepflichtet ist wie ein Luxemburger Wort, ein LCGB oder die Kirche. »

A Wierklechkeet ass d’Wort awer näicht aanecht wéi d’Parteibliedchen vun der CSV. Wann dat stëmmt wat am Feierkrop stoung, dann ass d’Wort  als « presse amie » souguer och nach institutionnell an de Féierungsgremien vun der CSV vertrueden. Dat fannen ech fir eng Zeitung déi dem Aerzbistum gehéiert, vollkommen inakzeptabel. Déi lëtzebuerger kathoulesch Kierch därft keng Parteisectioun vun der CSV sinn, si behëllt sech awer genee sou!

Et gëtt Gleeweger an alle Parteien, an dat an der CSV an an der ADR wahrscheinlech méi wéi an aanere Parteien. Déi lëtzebuerger kathoulesch Kierch misst iwwer der Politik stoen a fir all Leit an all Gleeweg am Land vertrauenswierdeg  sinn, dat ass se awer net!

D’Wort – also den Aerzbistum Lëtzebuerg – mëcht blannemännerchers just d’Politik vun der CSV. De gréisste Skandal ass dobäi, dat d’CSV selwer eng Politik mecht, déi dem kathoulesche Glawen dacks oppe widdersprecht. Dat awer mecht denen Hären Hollerich a Gillen anscheinend näicht aus wann et ëm déi automatesch a bedingungslos Ennerstëtzung vun der CSV duerch d’Wort geet.

D’CSV huet d’Euthanasie erméiglecht – eng Ennerschrëftenaktioun am Wort gouf mat Zäite gestoppt an nom Vote an der Chamber gouf den Dossier ganz séier begruewen. Bei der Liberaliséierung vum Ofdreiwungsgesetz 2012  ass et mol net méi sou wäit komm – d’Wort huet d’Diskussioun direkt kleng gehal an den Hiertebréif vum Aerzbëschof zu dem Thema wor net méi wéi eng ultraschwaach a politesch wierkungslos « Feigenblatt-Erklärung ». Beim Homosexuellebestietnis geet et lo nach eemol d’nämlecht – op déi nei Equipe vun den Hären Hollerich a Gillen kann den  Här Juncker sech eben zu 100% verloossen !

An der Ofdreiwungsdebatt gouf et ganzer zwou Rieden an der Chamber géint d’Liberaliséierung vun der Ofdreiwung : der Madame  Marie-Josée Frank (CSV) hir  a meng. Keng vun denen zwou gouf am Wort (zur Erënnerung : dat ass theoretesch eng kathoulesch Dageszeitung !!!) och nëmmen ernimmt!

All Säit am Wort ass voll vu Gratisreklammen fir d’CSV. Fotoen, Leitartikelen,  Interviewen, Reportagen, alles säitewäis, kilometerlaang a gratis. Den Télécran huet geschwënn all Woch de Premier op der Titelsäit. Alles dat sinn « dons en nature » vun der kathoulescher Kierch un d’CSV an alles dat verstéisst menger Meenung no géint d’Parteienfinanzéierungsgesetz.

Et kann een natierlech iwwer d’Uersaachen vun sou enger Situatioun spekuléieren. Meng perséinlech Lieblingserklärung ass, datt de Bistum d’CSV blannemännerchers ënnerstëtzt fir am Géigenzuch seng materiell Privilegien kënnen ze behalen. Et geet der Kierch just nëmme nach ëm de Su – em drësseg Silberlinge. De Glaawen ass fort.

De Präis den d’Kierch dofir bezillt ass net kleng : de Verloscht vun hirer reliéiser Glaafwierdegkeet an hirem Prestige bei der Bevölkerung henken direkt mat hirer CSV-Höregkeet zësummen. Eng Kierch ouni Profil verléiert hir Unhänger. Laangfristeg kann dat do net gutt goen.

Ech hunn d’CSV-Parteiblat scho laang ofbestallt. Ech wees zwar dowéinst leider net méi doriwwer Bescheed wien gebuer gëtt a wien stierft, mä dofir ginn ech der anti-kathoulescher Partei CSV an hirer sklavescher a profilloser Parteisectioun « Aerzbistum Lëtzebuerg» wéinstens keng Suë méi.

Ech ginn och net méi gär an eng Mass déi vun der CSV-Parteisectioun « Aerzbistum Lëtzebuerg »  gehale gëtt. Gottseidank gëtt et nach fir Katholiken alternativ  Méiglechkeeten fir eng anstänneg, kathoulesch Mass kënnen ze besichen – souguer nach eng richteg : eng al an op Latäin! An eng wou de Paschtouer mat Sëcherheet keng CSV-Parteikaart an der Täsch huet.

Dieser Beitrag wurde unter ADR, Allgemein, Lëtzebuerg, Politik, Relioun veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert