Déi Gréng – eng Partei ouni Härz a Gewëssen!

Gëschter, de 5. Februar 2013, hunn déi Gréng e Pressdossier publizéiert an dem si scho nees fir d’Homosexuellebestietnis agetrueden sinn. Gläich op där  éichter Säit hunn si hir Iddi vu « Gläichheet » graphesch duergestallt. Fir si ass egal wéi eng Koppel – och eng lesbesch oder eng homosexuell – « gläich » mat heterosexuellen Elteren. (Ech schwätzen léiwer nëmmen vun « homosexuelle » Koppelen  well jo och eng lesbesch Koppel nëmmen eng Variant vun enger homosexueller  Koppel ass).

Dat awer ass de Leit Sand an d’An gestreet. Duerch d’Gläichheetsideologie vun denen lénken Parteien, déi sech ënner anerem duerch  d’Sträichen vun de Begrëffer « Mamm » a « Papp » am Code civil iwwersetzt,  ginn déi absurdst intellektuell a sproochlech Akrobatien néideg fir ze probéieren  déi nei an onnatierlech Situatiounen de Noutwendegkeeten vum Liewen unzepassen. An engem interessanten Artikel vun der Madame Marie Balmary mam Titel « Mariage pour tous – la parole en danger ? »  (www.lavie.fr) gëtt e Beispill aus dem kanadeschen Code civil (Art. 539.1) zitéiert fir déi Punkt ze illustréieren :

« Lorsque les parents sont tous deux de sexe féminin, les droits et obligations que la loi attribue au père, là où ils se distinguent de ceux de la mère, sont attribués à celle des deux mères qui n’a pas donné naissance à l’enfant. »

Et gëtt och all méiglech aner Varianten („Parent A“ an „parent B“, an esou virun…). Alleng heiriwwer kéint ee scho laang schwätzen, mä dat do Brutto-Zitat geet am Abléck duer fir wéinstens mol op de Problem opmierksam ze maachen. Eis modern politesch korrekt Diktatur gebraucht d’Wierder an engem neie Sënn – si verdréint hir Bedeitung – a mir sinn am « Newspeak » aus dem George Orwell sengem Roman « 1984 » ukomm.

Déi Gréng froen och d’Recht fir d’adoption plénière fir homosexuell Koppelen, a selbstverständlech och d’ « Procréation médicalement assistée (PMA) ».  Just bei de geléintene Mammen sinn se sech nach net sou secher – do wärt hir feministesch Séil nach ë bësschen rumoueren.

Un d’Kanner denken si net – déi gi jo och schliisslech net mat wielen. Ech wëll hei nach eemol betounen, dat d’Adoptioun plénière de Kanner den duebelen sexuéierten Rapport mat enger Mamm an engem Papp wech hëllt. Ech wär éichter der Meenung – falls dat aus Grënn vun der juristescher Kohärenz noutwendeg wär – de net bestuetene Leit dat einfacht Adoptiounsrecht wech ze huelen, wéi enger homosexueller Koppel en Adoptiounsrecht – sief et ën einfacht oder e ganzt – ze ginn.

Déi Kanner an homosexuelle Koppelen wuessen bei zwee Schauspiller op déi sexuéiert Eltere spillen (wann keen vun denen zwee ën effektiven, biologeschen Elterendeel ass), den ee vun denen zwee spillt eventuell eng méi männlech Roll fir e Papp ze imitéieren an den aaneren eng méi weiblech  fir eng Mamm  duerzestellen, wéinstens sou wéi déi respektiv homosexuell Leit sech déi « Rollen » virstellen.

Dobäi kënnt, dat Kanner aus enger adoption plénière – a nach méi schlëmm aus enger PMA – eventuell iwwerhaapt keng aner ascendance, keng aaner Famill hunn – keng Elteren oder Grousselteren, keng Monnien an Tataen, keng Koséngen a keng Cousinen mat denen si Kontakt hätten. Si wëssen wahrscheinlech näicht iwwer hir Famill an hir Hierkonft a wunnen just bei denen zwee « Elteren »-Schauspiller. Dat sinn Leit déi et vläicht gutt mengen, mä si sinn awer net hir Elteren – an aanecht wéi zum Beispill heterosexuell Adoptivelteren kéinten si et och mol net  sinn !   Dat ass awer e ganz wichtegen Ennerscheed ! An dobäi kënnt och nach dat déi Kanner wahrscheinlech mol näicht iwwer hir Filiatioun wëssen. Si verstinn awer spéitstens an der Pubertéit, dat déi Erwuessen bei denen si liewen,  eng Sexualitéit hunn déi keng Kanner op natierlechem Wee kann ervirbréngen. Keng richteg Elteren, keng aner Famill, kee Wëssen iwwer d’Hierkonft – dat alles zësummen ass  en psychologeschen Albdram fir all Kand!

Am internationale Recht, an der Ethik an och an  denen  medizineschen a soziale Beruffer ass ganz wäithin ugeholl, dat d’Kanner e Recht drop hunn fir hir Hierkonft ze kennen. Hei gi mir op e Wee den et de Kanner extrem schwéier mecht eppes iwwer hir Originen ze wëssen oder och nëmmen fir et eventuell spéider gewuer ze ginn. An mir huelen hinnen de Kontakt – jiddefalls mol de juristesche Lien – mat hirer richteger Famill wech fir si an e Milieu ze stiechen den hinnen net déi selwecht perséinlech Entwécklungsméiglechkeete gëtt wéi eng heterosexuell Koppel. Mir ginn déi Kanner  u Leit déi net zësummen kënnen Eltere sinn an d’Aufgaben vun den Elteren – wéinstens mol an hiren sexuellen Virbildsfunktiounen fir Kanner déi hir sexuell Identitéit sichen – iwwerhaapt net kënnen erfëllen.

An och wann ech den eenzegen Deputéierten an der Chamber wär den géint sou kannerfeindlech Gesetzer géif stëmmen –

MENG AENTWERT ASS NEEN !

 

 

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Lëtzebuerg, Politik veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert