Den Här Max Kuborn an d’Europaparlament?

Gëschter huet d’DP hir Spëtzekandidaten viirgestallt. Ech wor iwwerrascht, mee net positiv beandrockt. D‘ DP huet eng Rei vu ganz gudde Leit ënnert hire Memberen, mee si ass awer relativ schwaach un der Spëtzt.

Am Osten soll d’Madame Nagel Spëtzekandidatin ginn. Si ass 55 Joer al (Pardon, mee wann d’Dammen an d’Politik ginn, muss een och därfen iwwer hiren Alter schwätzen), an si wor schonn vun 1999 bis 2004 an der Chamber. De Carlo Wagner feelt der DP am Osten. Hien hat ganzer 1700 Stëmmen méi wéi d’Madame Nagel, déi selwer nëmme 400 Stëmmen méi wéi den Drëtten op der DP-Lëscht hat.  D’DP Osten schéngt also däitlech méi schwaach opgestallt ze sinn wéi bei denen leschten Wahlen. 

Am Norden soll de Charel Goerens (61 Joer) untrieden. Dat ass kee Kompliment fir den André Bauler an de Fernand Etgen, déi zwar fläisseg schaffen ower anscheinend net an der Partei dofir belount ginn. D’Kandidatur vum Charel Goerens iwwerzeegt mech net. Hien gouf mat engem Draamresultat an d’Europaparlament fir fënnef Joer gewielt. Gëtt hien säi Mandat lo do op an léisst hien sech duerch den Här Kuborn ofléisen? Oder soll d’Véronique Bruck noréckelen, dat der DP hei am Land dann awer géng felen? D’DP hofft also op dräi Mandater am Norden, mee op d’Käschten vun hirer Credibilitéit bei den Europawahlen. Ech woen mol déi Prognos, datt bei den Europawahlen dann d’Lydie Polfer oder d’Anne Brasseur mobiliséiert ginn, déi och lo nach gutt sinn fir am Zentrum e Mandat ze kréien. Eng Alternativ wär och den Henri Grethen fir de Charel Goerens am Europarlament ofzeléisen. Ech wär jiddefalls frou wann eis Parteien hei am Land net d’Europaparlament géngen zu hirem Altersheem maachen. Wéis soen eis däitsch Noperen sou schéin? „Hast du einen Opa,  schick ihn nach Europa!“.

Am Zentrum trëtt een als Spëtzekandidat un, den de Leit gesot huet, datt hien iwwerhaapt net wëll Minister ginn. Och net grad iwwerzeegend. Et geet jo hei ëm national Wahlen an nët em e Popularitéitsconcours. De „Phänomen“ Bettel gëtt e bësschen vill iwwerstrapazéiert fir Stëmmen ze sammelen. Fir mech ass dat do Gefuddels. Wen net wëll Minister ginn, soll och net Spëtzekandidat bei de Wahlen spillen. 

Am Süden  ass d’DP och net méi sou staark do. De Claude Meisch ass e sëchere Kandidat. Den Eugène Berger ass schonn däitlech méi schwaach.  An dono kommen eng Rei vu Frozeechen wann een sch d’Lëscht vun 2009 ukuckt.

Am Groussen a Ganzen ass mäin Androck: eng relativ schwaach DP am Süden an am Osten, eng staark DP am Norden an am Zentrum awer bestëmmt net duerch deontologesch  iwwerzeegend Spëtzekandidaturen.

Aktualiséierung (18.07.13):

Op rtl.lu wor gëschter dëse Reportage:

http://news.rtl.lu/news/europa/aktuell//453433.html

Et ass scho staarken Tubak, datt den Här Goerens fir sech zwou Optiounen gesäit: Minister oder Europapadeputéierten.  Lo huet d’DP also een Spëtzekandidat am Norden, den fir d’Chamber kandidéiert awer sech ze schued ass, fir dann do och ze siègéieren. An si huet ë Spëtzekandidat am Zentrum, den net wëll an d’Regierung goen.

Méi schlëmm nach: den Här Goerens wéilt Minister zu Lëtzebuerg ginn an denkt nëmmen un déi europäesch Iddi wou ën sech wëll ganz abréngen. An Europa leien seng „Talenter“. An wat ass mat eisem Land? Den Här Minister in spe Goerens vun der lëtzebuerger Regierung seet, hien wéilt eigentlech keen nationalen Comeback. Si mir hei am politeschen Cabaret?

Soll déi do DP ieren eng seriös Partei sinn?

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert