Här Schneider, wat soot Dir zu der Causa Err?

Den 10. Juli hunn d’Sozialisten an der Chamber eng Motioun déposéiert, aus där ech hei zwee Passagen zitéieren:

“ – considérant que la responsabilité objective du PremierMinistre, Ministre d’Etat est engagée du fait de divers dysfonctionnements graves apparus au sein du service de Renseignement de l’Etat, (…)

Invite le Gouvernement

(…) en ce qui concerne le Premier Ministre, à assumer pleinement la responsabilité politique des dysfonctionnements graves constatés;“

Dat ass jo alles an der Rei. Mee gëllt dee Raisonnement dann net och fir d’Madame Err (LSAP)?

Un „dysfonctionnemnts graves“ schéngt et jo net ze feelen, wann een dem Personal vum Service vum Ombudsman nolauschtert. Op déi weider Rapporten an dëser Affär därf een gespaant sinn! 

http://news.rtl.lu/news/national/453105.html

Jiddefalls hoffen ech, dat den Här Schneider keng Parteikaartenwirtschaft bedreift, nom Motto „deux poids et deux mesures“. Wat fir den Här Juncker gëllt, muss och fir d’Madame Err gëllen!

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Schreibe einen Kommentar

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert