Fir klassesch Philologie op der Universitéit Lëtzebuerg!

Heiansdo liest een sou gutt Artikelen, dat een se net nëmme kann, mä dat een se MUSS recommandéieren. Dozou gehéieren a mengen An  zwee Artikelen vum Här Professer Luc Deitz  am « forum » Nr. 219 vum September 2002 an an der  Nr. 240 vum Oktober 2004. Déi zwee Artikelen befaassen sech op eng gutt dokumentéiert, brillant raisonnéiert an dobäi och nach op eng ganz witzeg Manéier mat eiser deemols sëcher an haut nach ëmmer neier Universitéit.

Déi Artikelen sinn bal prophéitesch, well si d’Geforen opweisen déi e Bildungssystem huet, den d’Geeschteswëssenschaften vernoléissegt. An haut, wann een d’Politik kuckt, da stellt een wierklech fest, dat mir an engem Zoustand vun der Orientéierungslosegkeet ukomm sinn. Mir liewen an genee där « kultureller, moralescher an theologescher Amnesie », déi den Här Professer Deitz gefaart huet. De Verfall vun eisem Unterrechtssystem huet ugefaang mam Zerschloen vun der klassescher Bildung an der Folleg vun der Revolutioun vun 1968. Mä klassesch Bildung wor eben ëmmer vill méi wéi nëmmen laténgesch an algriichesch Vokabelen auswenneg béchsen – et wor den Zougank zu dem wierklech Mënschlechen, zu engem humanistesche Waertesystem,  dem Räichtum vum Denken an dem Notzen vum No-denken.  D’Philologie an d’Philosophie si vornehm Schwësteren déi eis  léieren ze iwwerleeën an eis zu verantwortlechem  Handelen opfuerderen.

Mir schwätzen gär vun enger Elite-Universitéit Lëtzebuerg, mä mir bedréien eis domat just selwer. E groussen Deel vum Uni-Betrib beschäftegt sech mat Gefällegkeetspädagogik fir e sozialistesche Ministär den sech dem Demontage vun der Bildung verschriwwen huet. Mir forméieren Schoulmeeschter a Léiererinnen, déi selwer net méi vill kënnen, virun allem kee Franséich a kee Rechnen méi,  fir hirersäits Schüler ze encadréieren déi am kompetenzorientéierten Unterrecht vu Joer zu Joer sollen manner léieren. Déi sozialistesch  « Demokratiséierung » vun eise Schoulen féiert eis an eng Wëssenswüst. Déi féierend Käpp an eiser Regierung sin al-68er déi hir Zerstéierungswierk haut kënnen der ganzer Gesellschaft vun uewen rof diktéieren. Mir ass et Angscht ëm eist Land!

Ech wees zwar, dat ech domat net vill Ennerstëtzung fannen an awer denken ech, dat ee muss géigesteieren.

Jo, ech sinn fir eng Fakultéit fir al Sproochen a Philosophie op der Universitéit Lëtzebuerg.

Jo, ech sinn fir eng massiv Opwärtung vu Latäin an Algriichesch an eise klassesche Lycéeën.

Den Här Professer Luc Deitz zitéiert den Theodor Fontane mat sengem Aussproch, dat den zivilisatoresche Fortschrëtt aus senge Kanner enges Daags geng « elektresch beliichte Barbaren » maachen.   De Fontane huet Recht behal. Genee dat si mir haut : elektresch beliichte Barbaren ! Un eis ass et, fir lues a lues nees e Wee zréck an déi wierklech Zivilisatioun ze fannen.

Dieser Beitrag wurde unter Allgemein, Kultur, Lëtzebuerg, Politik, Sproochen veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen auf den Permalink.

Ein Kommentar zu Fir klassesch Philologie op der Universitéit Lëtzebuerg!

  1. Arthur Feyder sagt:

    Et kann een an dësem Kontext op dem Plato seng wonnerbar Allegorie “ de la caverne “ verweisen. Dat wuar laang virum Theodor Fontane.
    An dann de Sokrates: “ Ich weiss, dass ich nichts weiss „.
    D’Leit ginn ëmmer méi ignorant, well se keng oder nëmmnen e bëssen humanistesch Bildung kréien, awer dat arrangéiert de Pouvoir.

Schreibe einen Kommentar zu Arthur Feyder Antworten abbrechen

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert